Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  C'est Karma - Girls

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ästhete brauch eist Land!

Fräie Mikro

Ästhete brauch eist Land!

Op den Industriebroochen tëschent Esch a Schëffleng soll en neie Quartier entstoen. D'Entwécklungsgesellschaft Agora ass och hei, wéi viru méi wéi 20 Joer beim Projet Esch-Belval de Bauhär. Hei soll en Ekoquartier entstoen, autofräi, ekologesch an innovativ. Och de Belval war eis deemools als en urbanistesch usprochsvolle Projet versprach ginn. Dat Versprieche konnt nëmme ganz bedéngt agehale ginn. Eng Ureiung vu verpasste Geleeënheete mengt d'Isabelle Medinger am Fräie Mikro.

auto_stories

4 min

D'Isabelle Medinger ass fréier Journalistin an zanter iwwer 20 Joer Direktesch vun der Sécurité Routière. Foto: Archiv

Op den Industriebroochen tëschent Esch a Schëffleng soll en neie Quartier entstoen. D'Entwécklungsgesellschaft Agora ass och hei, wéi viru méi wéi 20 Joer beim Projet Esch-Belval de Bauhär. Hei soll en Ekoquartier entstoen, autofräi, ekologesch an innovativ.

Um Site Belval, wou een an der Planungsphase quasi virun engem riseg grouss wäiss Blat souz, hätten d'Gestalter nëmme sou misse spruddele vun innovativen a visionären Iddien, déi d'Formen vum gesellschaftlechen Zesummeliewen nei gezeechent hätten. Vläicht hu se dat och gemaach, mee sinn an hirem kreativen Äifer gebremst ginn.

E Projet à la luxembourgeoise

Erauskomm ass e Projet à la luxembourgeoise: grouss Boulevarden, Autosverkéier bis an de leschten Eck vum Site - obwuel et jo e Site clos ouni Duerchgangsverkéier ass - mat dem obligatoresche Shoppingzenter an dem kréinende Parkhaus.

Do wou de Stroosseraum nach Plaz iwwreg gelooss huet, goufen och e puer Still an Dëscher op de Beton rausgestallt a schonn hu mer dann och de conviviale Volet ofgedeckt. Grouss Enseignen, keng kleng Commercen. Alles schéin Indoor!

De Belval, an och nach vill aner ëffentlech Projete weisen, wéi wéineg Weichen d'Politik schlussendlech stellt fir d'Zesummeliewen a sou Quartieren ze bestëmmen.

Vill méi gëtt de Manktem u Visiounen den Androck vun der Kapitulatioun vun der Politik virun der renger Promoteurslogik. Oder vun der Berodungsresistenz vis-à-vis vun urbanisteschen an ästhetesche Krittären.

Funktionalitéit, Benotzerfrëndlechkeet an Ästhetik schléisse sech net aus, au contraire, dëst Zesummespill soll d'Zilsetzung sinn.

An zwar net nëmme Benotzerfrëndlechkeet fir de motoriséierte Verkéier, déi bis haut ëmmer iewescht Prioritéit genéisst! Spéitstens wann den Tram bis op de Belval fiert, kéint ee jo gutt de ganze Site als Zone de rencontre amenagéieren. Et kascht natierlech vill Suen, wann ee vun "Autoworld" op "shared space" zeréckruddert.

Bei dem nei Site Esch/Schëffleng ass jo eng autofräi Optioun envisagéiert, mat Opfangparkingen an der Peripherie vum Site. Et dierf een also nach hoffen, datt aus deene verpasste Geleeënheeten um Belval geléiert gouf an d'Prioritéiten dës Kéier richteg gesat ginn, am Sënn vun der Liewensqualitéit an der Ästhetik.

Sputt no uewen

De renge Stroosseraum ass jo vu fir eran näischt Schéines, mat sengem Reegelwierk, senger Beschëlderung a Strécher iwwerall. Do wou Auto gefuer gëtt, bis an de Stadkär eran, kann et net schéin an agreabel sinn. Et mierkt een elo wéi gutt et der Stad Lëtzebuerg bekënnt, wann et zu enger Neigewiichtung kënnt an den Auto dem Foussgänger muss Plaz maachen.

Duerch e ganz positiven Nieweneffekt vum Covid, entstinn dorëmmer kleng Terrassen oft mat einfache Mëttel mee mat Geschéck amenagéiert. A si entstinn elo, well se virdrun iwwerhaapt net autoriséiert waren. Hoffentlech bleiwe se bestoen.

Well et ass schonn erstaunlech wéi usprochslos mer heiansdo sinn, well mer eis dran erginn hunn, wéi eist Ëmfeld ausgesäit.

Et huet Joerzéngte gedauert, ier mer net méi hu missen op Plastiksstill ënner grujelege Plastikssonneprabbelie vu Fastfood-Chaînen op der Place d'Armes sëtzen, op eiser potentiell schéinster Plaz an der Stad.

An de Knuedler, eng aner Plaz déi Joerzéngte konsequent verhonzt gouf, mat enger aremséileger Spillplaz, mat futtissem Synthetik-Schutzbelag an nach enger méi grausamer Entrée fir an de Parking, gëtt jo hoffentlech deemnächst ästhetesch opgewäert. Et géif héich Zäit ginn, do mol den Ästheten d'Wuert ze ginn.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.