Radioen

On air

Resonanzen  |  Nei Releasen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ AfD: de politeschen Aarm vun den Antidemokraten

Däitschland

AfD: de politeschen Aarm vun den Antidemokraten

Gëschter gouf am däitsche Bundestag d'Reform vum sougenannten Infektionsschutzgesetz gestëmmt. Begleet gouf den Debat am Parlament vu massivem Querdenker-Protest virun den Dieren. Déi rietspopulistesch AfD soll souguer e puer Demonstranten an de Bundestag erageschleist hu fir d'Politiker ze intimidéieren. D'Partei huet nees bewisen: si ass de politeschen Aarm vun den Antidemokraten, seet eisen Däitschland-Korrespondent Max Tholl a senger Chronik.

auto_stories

3 min

Et stell ee sech vir: no beim Parlament randaléieren dausenden Demonstrante géint een demokratesche Prozess an um Enn ass et eng demokratesch gewielte Partei, déi dësen am meeschte menacéiert. Déi däitsch AfD mécht et méiglech.

Den Ursprong: d'Infektionsschutzgesetz

Mee der Rei no: gëschter gouf am däitsche Bundestag d'Reform vum Infektionsschutzgesetz votéiert. D'Gesetzesännerung soll et der Bundesregierung an de Bundeslänner méi einfach maachen d'Mesurë géint de Coronavirus juristesch a politesch duerchzesetzen, andeems festgehale gëtt, wéi eng Mesuren dierfen ergraff ginn a fir wéi laang.

De Gesetzesprojet war net onëmstridden, d'Oppositiounsparteien haten am Virfeld kritiséiert, datt et am Text ze vill Onstëmmegkeete gëtt, d'Gesetz vill ze spéit kënnt an d'Parlament net genuch consultéiert gouf. Dës Kritik kann een novollzéien oder hannerfroen, si ass op alle Fall awer e wichtege Bestanddeel vum demokratesche Prozess. Vun dësem versteet déi rietspopulistesch AfD awer gänzlech wéineg, respektiv wëllt dësen net akzeptéieren.

Mat Plakater, op deenen dat däitscht Grondgesetz fir dout erkläert gouf a mat dem gewinnte populistesche Gebierels huet d'Partei sech géint d'Reform gewiert. Et wier een "Ermächtigungsgesetz", huet et aus der AfD geheescht - eng Referenz op ee Gesetz aus der Nazizäit.

Den AfD-Fraktiounschef Alexander Gauland huet d'Infektionsschutzgesetz als gréisste Grondrechtsaschränkung an der Geschicht vun der Bundesrepublik an als "Gesundheitsdiktatur" bezeechent.

Demonstratioun eskaléiert

Zäitgläich hunn iwwer 5.000 sougenannte Querdenker, ënner hinne vill Rietsextremisten, Antisemittten a Verschwörungstheoretiker, nëmmen e puer honnert Meter weider ronderëm d'Brandenburger Tor géint d'Gesetz protestéiert - natierlech ouni Mask an Ofstand.

Wéi d'Police dowéinst d'Demonstratioun wollt ënnerbannen, koum et zu enger Eskalatioun, déi mat Waasserwerfer, sëllege verletze Polizisten an iwwer 360 Arrestatiounen op en Enn goung.

AfD soll Demonstranten an d'Gebai gelooss hunn

Mat der AfD sëtzt de verlängerten a politeschen Aarm vun dëser Band vun Antidemokraten an Randaléierer an der éischter Réi vum Bundestag. Den Alexander Gauland huet d'Demonstranten net nëmmen a Schutz geholl, d'AfD soll laut verschiddene Politiker vun SPD, CSU an FDP souguer eenzel Demonstranten an d'Gebai geschleist hunn, fir Politiker ze intimidéieren an ze schikanéieren.

D'SPD-Fraktiounsvirsëtzend Katja Mast huet op Twitter matgedeelt, d'Demonstranten hätte probéiert an d'parlamentaresch Büroen anzedréngen, mam Zil d'Demokratie ze zerstéieren.

Antidemokratesch Ressentimenter

Eng Fra huet de Wirtschaftsminister Peter Altmaier konfrontéiert a beleidegt. Seng souverän Äntwert: dir sidd just eng Minoritéit, ech muss elo d'Interesse vun der Majoritéit representéieren.

Eng Minoritéit, jo, mee eng, déi ëmmer méi haart a radikal virgeet a mat der AfD déi stäerkst Oppositiounspartei op hirer Säit huet. Déi demokratesch Institutioune si staark genuch fir dësem Widderstand ze trotzen, se mussen et awer och.

Aktioune wéi déi vun der AfD dierfe sech net widderhuelen. Well si sinn net nëmmen Ausdrock vun antidemokratesche Ressentimenter, nee, se begënschtegen an normaliséieren dës och.