Radioen

On air

Espresso Beats  |  L'Imperatrice - Danza Marilu Feat. Fabiana Martone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Afepouken: Bis elo kee Fall zu Lëtzebuerg

Virus

Afepouken: Bis elo kee Fall zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg an och an den Nopeschlänner ass nach kee Fall vun Afepouken detektéiert ginn, seet den Epidemiolog Joël Mossong am 100,7-Interview, nodeems an de leschte Wochen ëmmer méi Länner an Europa an an den USA Fäll vun Afepouke beim Mënsch gemellt hunn. D'Situatioun wier allerdéngs ganz dynamesch, esou de Joël Mossong.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


De Joël Mossong geet dovunner aus, datt an den nächsten Deeg hei am Land, respektiv an den Nopeschlänner, éischt Fäll vun Afepouken detektéiert ginn. An dem Fall wier et wichteg en Tracing ze maachen, sou wéi d'Weltgesondheetsorganisatioun et och recommandéiert huet.

Och d'Bevëlkerung soll mat hëllefen, seet den Epidemiolog: wien Ausschlag huet mat Blosen a soss kee Grond dofir fënnt, dee sollt sech beim CHL mellen, esou de Joël Mossong.

Fir ze erkennen, ob een Afepouken huet, géif genee wéi bei Covid-19 ee PCR-Test gemaach ginn - deen hätt d'Inspection sanitaire och prett, seet de Joël Mossong.

Wie géint Pouke geimpft ass, huet eng gewëssen Immunitéit

D'Leit bräichten awer keng Angscht ze hunn: de Verlaf vun der Viruserkrankung wier an deene meeschte Fäll liicht. Fir sech unzestieche wier warscheinlech ganz enke Kontakt néideg an anescht wéi bei Covid-19 wier ee bei den Aafepouke méi spéit infektiéis.

Et géif bis ewell nach keng spezifesch Therapie oder Impfung géint Afepouke ginn, mee Leit, déi géint Pouke geimpft sinn, hätten eventuell eng gewëssen Immunitéit. "Dat ass eng vun de gudden Nouvellen", seet dozou de Joël Mossong.

Well den Afepoukevirus enk Famill mam Poukevirus ass, wieren déi eeler Leit zu 85 Prozent immun géint den Afepoukevirus.

Et kéint een awer net déi ganz Bevëlkerung géint Pouken impfen, seet den Epidemiolog. D'Impfung vum Poukevirus hätt och Niewewierkungen an dat misst een als éischt ofweien.

Virus ass bis elo éischter an afrikanesche Länner virkomm

Ob een hei am Land am Fall vun enger Infektioun isoléiert gëtt, sou wéi dat a verschiddene Länner schonn de Fall ass, seet de Joël Mossong. "Dat kucke mir dann, wann e Fall bis do ass."

Déi eigentlech seele Krankheet gouf an deene meeschte Fäll bei Männer detektéiert, déi sexuell Kontakter mat anere Männer haten, esou de Joël Mossong.

Dat wier en neien Ament: et kéint een net ausschléissen, datt de Virus sech eventuell anescht iwwerdréit. "De Virus gëtt u sech duerch ganz enke Kontakt iwwerdroen", esou den Epidemiolog.

Et wier iwwerraschend, datt grad elo sou vill Fäll am Westen detektéiert goufen, seet de Joël Mossong. Infektioune beim Mënsch géifen der WHO no schonn zanter Joerzéngten a verschiddenen afrikanesche Länner virkommen.

Dat kéint domat zesummen hänken, datt d'Immunitéit géint d'Pouke lues a lues ofhëlt, oder datt et a verschidde Länner méi liicht Fäll gouf, déi net detektéiert an dann exportéiert gi sinn.

Elo géif et dorëms goen erauszefannen, wéi vill Leit sech ugestach hunn a wéi dat konkret geschitt ass. D'Experten stéingen eréischt am Ufank vun dëser Recherche.