Radioen

On air

De Weekend  |  Blonde Redhead - Snowman

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affaire à suivre

Kultur

Affaire à suivre

Am Mierscher Kulturhaus huet de Jo Kox, deen am Optrag vun der Regierung d'Ateliere suivéiert, de Bilan presentéiert. Déi virun engem Joer ausgeschaffte Revendicatioune gi gréisstendeels positiv beuerteelt. Kritik gëtt et awer un enger Rei vu Sujeten, déi net am Bilan ze fanne sinn.

auto_stories

3 min

Dezentraliséierung, Educatioun an Demokratiséierung am Kontext vun der Kultur sinn déi Beräicher, déi besonnesch mussen an Ugrëff geholl ginn. Donieft wier awer och de Stellewäert vum Kënschtler hei zu Lëtzebuerg en Thema, sou de Jo Kox: "Et feelt un Unerkennung. Wat ass d'Plaz vun engem Kënschtler hei an der Gesellschaft? Dat gëtt leider ze vill dacks mat zwee Féiss getrëppelt." Donieft wéiste vill Kënschtler net, wat mat der Professionaliséierung op se duer kënnt. "A ganz vill Artisten hu Schwieregkeeten, sech en Atelier hei zu Lëtzebuerg kënnen ze leeschten."

Bei der Presentatioun vum Bilan sinn awer vun de Spectateure weider Sujete vermësst ginn. De Kënschtler a Realisateur Yann Tonnar: "Wat ass zum Beispill d'Roll vun de Medien an der Receptioun vun der Konscht an am kriteschen Debat ronderëm d'Kultur an d'Politik? An der kultureller Educatioun, an der Promotioun vun der Kultur?" Et misst ee sech och d'Fro stellen, wéi eng Aufgaben ëffentlech-rechtlech Medien am kulturellen Debat hunn.

Keng Sécherheet

Net just fräischaffend Kënschtler hunn op déi divers Problematiken higewisen. Och an den ëffentleche Kulturinstituter misst et zu Ännerunge kommen. Déi bürokratesch Prozesser wieren net méi dem Aarbechtsëmfeld ugepasst, sou d'Monique Kieffer, Directrice vun der Nationalbibliothéik:

"De Problem ass, datt mir keng richteg pluriannuell Planifikatioun kënne maachen. Mir hunn elo Chifferen am Budget stoen, dat heescht eng gewësse finanziell Sécherheet. Mä den Haaptproblem, wann een eng gutt Gestioun wëll maachen, ass och de personelle Volet. Wann ee wëll nei Servicer opbauen an Organigrammen änneren, da muss een d'Moyenen dofir hunn. A wann een all Joer fir vläicht ee Poste muss biedele goen, dann ass een immens begrenzt."

Konkret Pläng vun der Inclusioun vu Behënnerten, vun eelere Mënschen, vu Flüchtlingen sinn no der Presentatioun vum Bilan vermësst ginn.

Bereetschaft ass do

Fir déi Bedeelegt geet et awer an déi richteg Richtung. "Ech mengen, datt eng grouss Bereetschaft fir Verännerung do ass", seet d'Carole Lorang, Presidentin vun der Theaterfederatioun, "et ass elo vill geschwat ginn: Lo musse mir och wierklech handelen."

Ähnlech gesäit et och de Serge Basso: "Et gouf haut vill Froen zur Zukunft a jidderee kuckt op muer, op dat wat elo kënnt. Et ass net "wait and see"", sou den Direkter vun der Escher Kulturfabrik. Jiddereen, deen am Kulturberäich schafft, wier elo obligéiert ze participéieren. "Wa jidderee matmécht, dann huet de Projet eng Perspektiv."

Den Entwécklungsplang soll nach an dëser Legislaturperiod stoen. "Sécher ass, datt de Kulturminister an ech och Enn Juni 2018 op eng zweet Assise vun der Kultur alueden", sou de Guy Arendt, Staatssekretär am Kulturministère. "Do diskutéiere mir dann zesummen de sougenannte Konsenspabéier." Schonn an dësem Hierscht soll och den neie System vun de Subventiounen a Bourse fir d'Kultur fäerdeg sinn. Dem Guy Arendt no wier dee System méi transparent wéi virdrun.

Fuerschung?

Grouss Suergen iwwert Zukunft mécht sech iwwerdeems den Historiker Michel Pauly. "Ech muss leider feststellen, datt souwuel de "Fonds National de la Recherche" wéi och d'Uni Lëtzebuerg e ganze kulturelle Volet, dee sech mat Lëtzebuerg beschäftegt, riskéiert ofzebauen."

Zu där Kritik huet sech de Guy Arendt haut am radio 100,7-Interview geäussert. Hie wéilt de Sujet mam Héichschoul- a Fuerschungsminister Marc Hansen beschwätzen. Dem Staatssekretär no misst den FNR och d'Geschichtsfuerschung finanzéieren.