Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Police - So Lonely

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affär Gaardenhaischen: Divergenzen iwwer d'Kompetenz vun Deputéiert

Affär Gaardenhaischen

Affär Gaardenhaischen: Divergenzen iwwer d'Kompetenz vun Deputéiert

An der Suite vun der Affär Gaardenhaische gouf en Donneschdeg mam Jurist Patrick Kinsch weider un engem Gesetzestext geschafft. Dësen Text soll Kloerheet schafe wéi eng Prozedur am Fall vun der Uklo vun engem Minister oder Ex-Minister applizéiert gëtt. Et gëtt awer Divergenzen tëscht Majoritéit an Oppositioun, virun allem wat d'Kompetenz vun den Deputéiert ugeet.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Bei dësem neie Gesetzestext geet et drëm, de Spagat tëscht dem ale Verfassungstext an der neier Constitutioun ze realiséieren. Den alen Text gesäit vir, datt d'Justiz kee Minister oder Ex-Minister kann ukloen, mee datt déi Roll dem Parlament zoufält. Dat neit Gesetz soll dës Prozedur elo reegelen.

D'CSV schwätzt sech fir Deputéiertekompetenz aus

D'Meenunge bei der Majoritéit an der Oppositioun gi besonnesch an engem Punkt auserneen: D'Kompetenz vun den Deputéiert fir sech am Dossier ze renseignéieren éier e Vott iwwer d'Accusatioun geholl gëtt.

D'CSV wëll den Deputéierten och d'Recht zougestoen, der Ex-Ministesch Carole Dieschbourg Froe kënne ze stellen, sou d'CSV-Deputéiert Martine Hansen:

"Fir eis ass et ebe wichteg datt d'Deputéiert, d'Chamber, wann déi zum Schluss muss soen Accusatioun oder Fräisproch datt déi dat kann en connaissance de cause maachen. Déi Rechter déi brauch den Deputéierten [...]

Et wier leider eng archaesch Constitutioun, mee déi géif elo gëllen an domat misst ee schaffen, sou nach d'CSV.

Instruktioun ass eng Saach fir d'Justiz, soen Déi Gréng

Fir d'Josée Lorschée vun Déi Gréng soll dat awer net méiglech sinn, d'Instruktioun wier eleng Saach vun der Justiz an net vum Parlament. Sou sollt et och am Gesetz definéiert ginn:

"De Parquet géing selwer déi Roll huele vun der Instructioun a vun der proposition de clôture op Basis vun deem wat do bei där Ulauschterung eraus kënnt an d'Chamber hätt dann [...] déi aktiv Roll fir ze soe mir maachen eng mise en accusation op Basis vun der proposition de clôture oder ebe mir maachen keng mise en accusation well näischt virläit."

Déi Gréng Deputéiert huet och ze bedenke ginn, datt d'Period vum Ausschaffe vum Gesetz an vun der Instruktioun duerch d'Justiz duerno eventuell méi laang kéint dauere wéi d'Akraafttriede vun der neier Constitutioun. Da wier d'Gesetz hifälleg an d'Fro géif sech net méi stellen.