Radioen

On air

Kultur um 5  |  Fun! Mam OCL

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Afghanistan: Preparatioun op verstäerkten Taliban-Menace

Auslandsasaz

Afghanistan: Preparatioun op verstäerkten Taliban-Menace

Zwee Lëtzebuerger Zaldote sinn de Moment als Deel vun der Nato-Ausbildungsmissioun Resolute Support zu Masar-i-Scharif am Norde vun Afghanistan stationéiert: D'Feldlager steet ënner däitschem Kommando. Den Afghanistan-Asaz war een Theema beim Aarbechtsbesuch vun der däitscher Verdeedegungsministerin Annegret Kramp-Karrenbauer beim François Bausch. Schonn am Virfeld hat déi däitsch Ministerin gesot, datt d'Bundeswehr hir Protektioun am Norde vun Afghanistan verstäerkt, wéinst méiglecher neier Gewalt duerch déi militant-islamistesch Taliban.

auto_stories

2 min

D'Ukënnegung vun den Taliban, datt si sech net méi un de Waffestëllstand gebonne fillen, wann auslännesch Truppen no Enn Abrëll an Afghanistan bleiwen, géif ganz eescht geholl ginn, hat déi däitsch Ministerin schonn d'lescht Woch däitlech gemaach.

Preparatiounen op méiglech Attacken

Dat huet d'Annegret Kramp-Karrenbauer gëschter widderholl, no hirem Gespréich mam Lëtzebuerger Minister François Bausch. Trotzdeem hofft een, datt d'Friddensgespréicher eng Léisung kéinten erreechen. "Aber wir bereiten uns auf eine verstärkte Bedrohung vor, dh in allen möglichen Szenarien: von den Angriffen mit improvisierten Sprengstoffanschlägen bis hin zu wirklich komplexen Lagen."

Do wou Däitschland a Lëtzebuerg zesumme schaffen, am Feldlager Masar-i-Scharif, géifen d'Sécherheetskonditiounen dowéinst also verstäerkt ginn, esou d'Annegret Kramp-Karrenbauer gëschter hei zu Lëtzebuerg:

"Auch durch entsprechendes Einüben der Prozesse, aber auch ganz konkret dadurch, dass wir z.B. die Kräfte die wir in der nationalen Reserve halten, in eine erhöhte Alarm-Bereitschaft versetzt haben."

Friddengespréicher am Afghanistan

Wat déi aktuell Sécherheetssituatioun am Norde vun Afghanistan ugeet, géif hien d'Aschätzung vun der däitscher Ministerin deelen, esou de François Bausch. Wéi a wéini ee sech aus Afghanistan zeréckzitt, géif net vum Kalenner ofhänken, mee vun der Sécherheetslag am Land, virun allem fir Fraen a Kanner.

De Minister François Bausch huet dorun erënnert, datt d'Nato-Staate scho ganz laang an Afghanistan present sinn, scho vill investéiert gouf an Zaldoten hiert Liewe verluer hunn. Et wier "absolut katastrophal", wann ee sech iwwerstierzt aus Afghanistan géif zeréckzéien, och wann een net éiweg do wéilt bleiwen.

"Das ziel muss sein: Stabilität, und deshalb ist es so wichtig, dass die Friedensgespräche, die zurzeit noch laufen, auch mit den Taliban, dass die auf konkreten, nachvollziehbaren Ergebnissen beruhen werden."

Neie Schwong fir de Fridden

Geplangten Afghanistan-Konferenzen am Abrëll zu Moskau an an der Tierkei sollen de Friddensefforte fir Afghanistan neie Schwong bréngen, hat et d'lescht Woch geheescht.

Däitschland a Lëtzebuerg wiere sech eens bei der Hoffnung, datt et méiglechst séier eng politesch Léisung fir Afghanistan gëtt, esou nach gëschter déi däitsch Verdeedegungsministerin.