Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Afrikanesch Schwéngspescht: Eng Gefor fir e ganze Secteur

Landwirtschaft

Afrikanesch Schwéngspescht: Eng Gefor fir e ganze Secteur

D'Hygiène wier d'Prioritéit, fir datt déi geféierlech Krankheet fir Schwäin, déi Lëtzebuerger Betriber verschount, erkläert de Schwéngsziichter Romain Wester. Hie fuerdert d'Jeeër op, konsequent Wëllschwäin ze schéissen, déi d'Krankheet kënnen iwwerdroen.

auto_stories

2 min

De Romain Wester fuerdert d'Jeeër op, Wëllschwäin z'erschéissen.

D'Biosecuritéit wier an de Lëtzebuerger Betriber keen Thema, mee Standard. All Betrib hätt eng hygienesch Schleis, a wier no baussen an no bannen hin zou. De Problem géif anerwäerts bestoen, an zwar beim Transport, dee bei d'Betriber kënnt, "vum Fuddermëttel iwwer d'Genetik. déi mir ugeliwwert kréien, respektiv d'Kadaveren. déi mussen entsuergt ginn". Dofir fuerdert de Romain Wester, datt all d'Camione mat enger automatescher Desinfektiounsanlag missten equipéiert sinn, esou wéi dat och am Ausland de Fall wier.

Konsequent Wëllschwäi schéissen

"Als Bauer maachen ech e ganz kloren Appell un all d'Jeeër, datt si sech der Situatioun spéitstens elo musse bewosst ginn, datt konsequent Schwäi musse geschoss ginn an allen Alterskategorien." Et dierfte keng Differenze méi gemaach ginn tëschent enger Bach, engem Käiler an engem Fierkel.

Et géif ëm d'Existenz vun de Schwéngsproduzente goen. E ganze Secteur wier betraff, wann déi afrikanesch Schwéngspescht géif ausbriechen: Schluechthaiser, Decoupe vu Supermarchéen a Fuddermëttelproduzenten. Der Naturverwaltung no géif den Ofschossplang mat 5.800 Wëllschwäin d'Joer aktuell net erreecht ginn.

Méi Sammelplazen opmaachen

Un d'Naturverwaltung ass et den Appell, erëm méi Sammelplazen opzemaachen, wou d'Jeeër Pelzer an Innereien ofliwwere kënnen. Vill wieren ofgeschaaft ginn, an déi, déi iwwereg bleiwen, wieren an engem absolut katastrophalen hygieneschen Zoustand, esou de Romain Wester.

De Romain Wester ass Buergermeeschter vun der Gemeng Parc Housen, Member vun der CSV a Vertrieder vun der Landwirtschaftskammer an der "Taskforce afrikanesch Schwéngspescht".


D'Carole Schimmer am Gespréich mam Romain Wester:

Lauschteren