Ainhoa Achutegui: "Feminismus ass och en Engagement vu Männer"

Ainhoa-Achutegui-1024x682.jpg

Wiessel un der Spëtzt vum Planning Familial a.s.b.l., nei Presidentin ass vun dësem 3. Februar un d'Ainhoa Achutgegui. Genee wéi hir Virgängerin Danielle Igniti, déi de Planning zwee Joerzéngte geleet huet, ass och d'Ainhoa Achutegui haaptberuflech am kulturelle Beräich aktiv, nämlech als Directrice vum CCRN (Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster). Hire benevolen Engagement beim Planning Familial huet si als Invitée vum Dag um 100,7 mat Parallelen an hirer Famill explizéiert. Hir Mamm, a vrun allem eng Tata wore ganz staark an der nämmlechter Cause an hirer Heemechtstad Caracas engagéiert. Et ass eng zousätzlech Erausfuerderung, déi di nei Presidentin eegenen Aussoen no gär ugeholl huet, ëmsou méi well si dobäi hir Iddien an Iwwerzeegungen als Feministin kéint abréngen. Dozou gehéiert och, an absolut prioritär, déi ganz Problematik vun der "Leihmutterschaft" ... ee Kand ass nämlech keng "marchandise", wéi d'Ainhoa Achutegui bei äis op der Antenn am Interview ënnerstrach huet.

De ganzen Interview vum Gilles Wunsch mat der neier Presidentin vum Planning Familial:

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen