Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ AKK verléiert d'Schlappen

Chronik

AKK verléiert d'Schlappen

Et hat esou ausgesinn, wéi wann d'Annegret Kramp-Karrenbauer ouni Problemer d'Nofolleg vun der Angela Merkel kéint iwwerhuelen. Sechs Méint méi spéit gesäit dat kee méi esou. Mat hirer Reaktioun op CDU-kritesch Youtube-Videoe läit d'AKK schonn nees donieft.

auto_stories

3 min

De Matthias Kirsch freet sech, ob d'AKK dat huet, wat ee brauch, fir Kanzlerin ze sinn. Foto: Archiv

"Wat wier lass gewiescht, wa 70 Zeitunge virun der Wahl en Opruff lancéiert hätten: Wielt net d'CDU an d'SPD. Dat wier Meenungsmaach gewiescht." Dat sot d'CDU-Cheffin Annegret Kramp-Karrenbauer als Reaktioun op e Video vun däitsche Youtuber, déi zum Boykott vun Unioun an SPD opgeruff haten. Dëse Video war iwwerdeems och just d'Reaktioun op en anere Video, wou e Youtuber d'CDU hefteg kritiséiert an domat rose Reaktioune bei der Partei ervirgeruff hat.

Mat hirer Reaktioun kann d'Annegret Kramp-Karrenbauer hir mëttlerweil laang Lëscht vu Faux-Pasen ëm eng wieder Entrée erweideren: nämlech ëm d'Fuerderung, datt d'Meenungsfräiheet op Youtube op d'mannst reguléiert ginn.

A mat hirer Reaktioun läit d'Annegret Kramp-Karrenbauer schonn nees donieft. Genee wéi virun dräi Méint mat hirem Kommentar am Karneval zu den Toilettë fir Leit mam drëtte Geschlecht. Genee wéi mat hire Positiounen zur Homosexualitéit an engem Land, an deem den homosexuelle Mariage an engem Gesetz festgehalen ass.

Kann d'AKK iwwerhaapt Kanzler?

Lues a lues verléiert d'Annegret Kramp-Karrenbauer d'Schlappen. An et muss ee sech froen, ob - ganz ofgesi vun der tatsächlecher Realitéit vun där Saach - si iwwerhaapt huet, wat et brauch, fir Bundeskanzlerin ze ginn.

Sou Feeltrëtt, wéi déi vun der AKK, sicht een an der laanger Kanzlerschaft vun der Angela Merkel ouni Erfolleg. A wa bei der aktueller Regierungscheffin mol eppes schifgaangen ass, da goufen déi Feeler ouni grouss Opreegung ënner den Teppech gekiert.

Et gouf natierlech nach en anere Grond, firwat d'Angela Merkel sou laang déi absolut Muecht hat der CDU - an hir déi wéineg Feeler verzie goufen. Dat louch och dorun, datt d'CDU ënner hirer Féierung konsequent Wahle gewonnen huet. Dat kann d'Annegret Kramp-Karrenbauer schonn no der éischter Wahl ënner hirer Féierung net méi behaapten. D'Europawahle leschte Weekend si fir d'CDU zimlech an d'Box gaangen.

2019 ass an Däitschland nees e wichtegt Wahljoer. Am Hierscht gëtt a Sachsen, Thüringen a Brandenburg gewielt. An deene Bundeslänner steet d'AfD an de Sondagen ëm 20 Prozent. Sollt d'CDU hir Majoritéit un d'Rietspopuliste verléieren, wäert sech bannen der Unioun de Widderstand géint d'AKK weider verstäerken.

Merz a Co. laueren op Feeler

Mee vläicht muss ee guer net mol sou laang waarden. Schonn dëse rezentste Faux-Pas hunn déi aner Kandidaten op eng CDU-Kanzlerkandidatur - virun allem de Friedrich Merz an den Armin Laschet - genotzt, fir op d'Feeler vun der AKK opmierksam ze maachen.

Ugeschwat op d'Meenungsfräiheet-Debatt an de Youtube-Video, sot den Armin Laschet dem Spiegel: "Do musse mir méi schlau ginn, wéi mir et an de leschten Deeg waren."

De Problem fir d'Annegret Kramp-Karrenbauer? Dat gouf och schonn no hire leschte Faux-Pase gesot. Geännert huet sech näischt. An op laang Siicht riskéiert d'CDU domat de Poste vum Regierungschef.