Radioen

On air

Tockcity  |  Boulevards - Run and Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Elterevertriedung ass géint de CovidCheck an de Schoulen

Coronavirus

D'Elterevertriedung ass géint de CovidCheck an de Schoulen

Déi national Elterevertriedung ass dogéint, datt an de Schoulen en allgemenge CovidCheck-Regime agefouert gëtt. Et missten nämlech weiderhin alleguer d'Elteren Accès zu Reuniounen a Bilansgespréicher an d'Schoule behalen, esou den Alain Massen.

auto_stories

2 min

Den Alain Massen ass President vun der nationaler Elterevertriedung. Foto: Archiv

De President vun den Elterevertrieder betount, fir d'Elteren dierft de CovidCheck op kee Fall an de Schoulen agefouert ginn:

"Well mer der Meenung sinn, datt wann Elteren elo an d'Schoul gi fir Bilansgespréicher, fir Reuniounen, oder wa se geruff gi well et eng Schwieregkeet mat hirem Kand gëtt - datt d'Elteren dann net kënnen diskriminéiert ginn, just well se net geimpft sinn, oder well se eventuell zu deene gehéieren, déi net bereet sinn Tester ze maachen. Oder déi sech d'Tester net all Kéiers finanzéiere kënnen, wann eng Reunioun an der Schoul ass."

"Net dee selwechten Drock maachen"

Och fir d'Schüler dierft kee CovidCheck agefouert ginn, esou den Alain Massen - och dann, wa bis eng Impfung fir Kanner ënner 12 zougelooss ass. D'Elterevertriedung huet dat gëschter an engem Gespréich mam Educatiounsminister ënnerstrach:

"Mir hunn ëm och ganz kloer gesot, datt mer eis wënschen datt do elo net dee selwechten Drock gemaach gëtt, wéi dat bei deenen Erwuessenen de Fall ass. Datt et wichteg ass, datt een d'Elteren och versteet, déi eben net bereet sinn hir Kanner vu 5, 6, 7, oder och 10 Joer impfen ze loossen."

Aus der Diskussioun ob de CovidCheck fir d'Enseignantë soll gëllen, hält d'Elterevertriedung sech iwwerdeems eraus. Dat wier eng Fro, déi de Ministère mat sengen Employéeë misst klären.