Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir aus der Geschicht ze léieren

Zweete Weltkrich

Fir aus der Geschicht ze léieren

D'Vermëttele vu Wësse soll eng vun de Prioritéite sinn, fënnt de President vum neie Comité fir d'Erënnerung un den Zweete Weltkrich. De fréiere Beamten Albert Hansen plaidéiert fir eng Zesummenaarbecht mam Institut fir Zäitgeschicht a mam Zentrum fir politesch Bildung.

auto_stories

4 min

Albert Hansen

Mam Gesetz vum 21. Juni 2016 krut de Comité d’Aufgab, fir d'Memoire un den Zweete Weltrkich ze perpetuéieren. Da soll de Comité bei den ëffentlechen Instanzen intervenéieren, am Interessi vun de Resistenzler, den Zwangsrekrutéierten, den Affer vun der Shoah an den Affer vum Zweete Weltkrich allgemeng.

Eng weider Aufgab ass et, fir déi offiziell Commemoratioun mat z'organiséieren an d'Plaze fir d'Erënnerung ze valoriséieren. Dës weidere soll de Comité sech fir d’Sensibiliséieren, besonnesch vun de Jonken, a fir d'Erënnerung un den Zweete Weltkrich asetzen.

De Comité hat dës Woch seng éischt richteg Aarbechtssëtzung. Vertruede waren déi 18 Memberen, grad wéi déi 18 Suppleanten. Et gouf decidéiert, datt déi dräi Gruppen (Resistenz/Zwangsrekrutéiert/jüddesch Communautéit) sollte bis zur nächster Sëtzung Aufgabe fir d'Aarbechtsgruppe proposéieren.

Pädagogesch "Pluspunkten"

De wichtegsten Aarbechtsgrupp wier deen, dee sech mat der pädagogescher Aarbecht beschäftegt, fënnt den Albert Hansen. Net just déi Jonk, mee och vill Erwuessener géifen net wëssen, wat am Zweete Weltkrich lass war am Land.

De Comité wéilt dofir de Kontakt mam Institut fir Zäitgeschicht op der Uni Lëtzebuerg sichen, an och mam Zentrum fir politesch Bildung. Den Albert Hansen betount, datt et dem Comité wichteg ass, datt d'Recherche iwwer den Zweete Weltrkich op der Uni Lëtzebuerg eng Prioritéit bleift.

De Comité hätt selwer net vill Moyenen, mee e kéint Zäitzeie vermëttelen, fir Temoignagen zum Beispill an de Schoulen. Een "zweete Pluspunkt" wier: Dem Comité seng Vertrieder wiere Membere vu "patrioteschen Organisatiounen", déi mam Zweete Weltkrich ze dinn hätten. Meeschtens wieren dat zwar keng Zäitzeien, mee Leit aus der zweeter oder drëtter Generatioun. "Do ass ee Patrimoine vu Wëssen, vu Kontakter an Detailer, wou mir eppes kënne bäisteieren."

"Eege Sensibilitéiten"

Vertruede sinn am Comité Persounen, déi sech fir d'Erënnerung un d'Resistenz an un den Zwangsrekrutement asetzen, grad wéi Vertrieder vun der jüdescher Communautéit. Et ass déi éischte Kéier, datt d'Erënnerungsaarbecht vu verschiddenen Affergruppen zesumme soll gemaach ginn.

Et wier kloer, datt déi dräi Gruppen hir eege Sensibilitéiten hätten. Mee et wier ee sech eens, datt een un engem gemeinsame Strang wéilt zéien. "Mir verteidegen am Fong gemeinsam eng Iddi: D'Erënnerung un de Misère, dee während fënnef Joer hei am Land lass war." Et géif also keng Ursaach fir Sträit tëscht den dräi Gruppe ginn.

Wien ass am Comité vertrueden, a firwat?

Well ëmmer manner Zäitzeien do sinn, stellt sech d’Fro, wien legitiméiert ass, fir am Comité vertrueden ze sinn. Am Prinzip kënnt jiddereen a Fro, deen ee perséinleche Bezuch zum Thema huet oder sech derfir interesséiert. Den Albert Hansen betount, datt net déi verschidden Organisatiounen, déi sech bis elo fir d'Memoire agesat hätten, d'Leit géifen nominéieren. De Staatsminister hätt seng Consultatioune gemaach an d'Leit genannt.

Mat den am Ganzen 36 Membere géif ee souwisou sou zimlech all déi Leit erfaassen, déi "an dësem Milieu aktiv sinn" an déi elo nach kéinte soen: "mir schwätze vaguement fir d'Resistenz, fir den Enrôlement forcé a fir d'jüdesch Communautéit".

Ee Familje-Schicksal

Dem Albert Hansen säi perséinleche Bezuch zum Zweete Weltkrich ass ee familiären. Säi Papp war bei der Lëtzebuerger Vollekslegioun (LVL) an ass 1943 zu Hinzert, no engem Verhéier, gestuerwen. A säi Monni ass zu Mauthausen ëmbruecht ginn.

Well hie säi Papp ni kenne geléiert huet, hätt hie sech vu senger Jugend u fir d'Geschicht vum Zweete Weltkrich interesséiert. An och als Beamten am Staatsministère hätt hie sech misse mam Thema ofginn. Ënnert anerem wéi de Staatsminister Pierre Werner hie beoptragt hätt, fir sech mam Gesetz iwwer d'Krichsentschiedegungen ze beschäftegen.

Gemeinsam Wäerter?

An der Wochenzeitung Lëtzebuerger Land ass d'Nominatioun vum Albert Hansen als President vum Comité kritesch kommentéiert ginn. Hie géif "das Bild einer staatlich gelenkten, klerikal-konservativen Resistenz" verkierperen. Mat där Beschreiwung kann den Albert Hansen wéineg ufänken. "Do wollt ee stëppelen, an deem dote Bild kennen ech mech net erëm". Hie wier seng ganz Karrière ee loyale Staatsbeamte gewiecht, mee hätt ëmmer seng eege Meenung oppe gesot. "Ech spiere mech ee fräie Mënsch".

Datt grad d'Resistenzorganisatioune politesch ganz ënnerschiddlech orientéiert waren, géif haut an der Aarbecht vum Comité keng Roll méi spillen. Et wier och guer net d’Zil, fir politesch Positiounen anzehuelen. Wat d'Membere vum Comité verbënnt, wier d'Iwwerzeegung, dass dat wat am Zweete Weltkrich geschitt wier ni méi dierft geschéien. An dofir wéilt ee sech asetzen.

Aus der Geschicht léieren

Fir datt d'Geschicht sech net widderhëlt, missten d'Leit wësse wat Zivilcourage ass. Et misst een intervenéieren, "wann eppes am Gaangen ass sech zum Onwee z'entwéckelen". D'Nazie wieren un d'Muescht komm duerch eng fräi Wahl an engem demokratesche Staat.

Dorauser misst een d'Léier zéien, datt ee misst erwäsche wann ee kuckt wat verschidde Parteie vertrieden an enger Rei Länner - och ronderëm Lëtzebuerg. Et misst ee wëssen, wéi séier eng Demokratie kann ausrutschen.

Albert Hansenplay_arrow