Radioen

On air

Notturno  |  Ryan Davis & The Roadhouse Band - Free From The Guillotine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ALK: Plainte géint CNS

Gesondheetsecteur

ALK: Plainte géint CNS

Op d'mannst zwee Kinéen, déi Member vun der ALC sinn, hunn offiziell eng Plainte géint d'CNS gemaach. Dat seet de President vum Conseil Supérieur vun de Gesondheetsberuffer, Romain Poos. Si wieren der Meenung, datt d'Conventioun géint d'Constitutioun verstéisst.

auto_stories

2 min

Romain Poos

Zënter dem éischte Januar gëllt eng nei Konventioun tëschent de Kinéen an der Gesondheetskees. D'Associatioun vun de Kinéen (ALK) fäert elo, datt d'Kinéen am Secteur vun der "Aide à la personne" de Statut als Salarié verléieren. D'Konventioun géif virgesinn, datt ee Kiné kee Kiné méi kann als Salarié astellen, heescht et bei der ALK.

Plainte géint d'CNS

"Mindestens zwee Membere vun der ALK hunn offiziell eng Plainte géint d'CNS gemaach", seet de President vum Conseil Superieur vun de Gesondheetsberuffer, deen ënner anerem d'Kinéen an d'Infirmiere representéiert. Och fir d'Spideeler géif d'Konventioun Problemer mat sech bréngen. "D'Konventioun regléiert, wéi d'Kinéen an de Spideeler musse schaffen."

D'Gesetz vun 1992 mat deem de Conseil Superieur vun de Gesondheetsberuffer geschaaft gouf, wier iwwerdeems depasséiert, sou de Romain Poos."Dat si 25 Joer hier, dat korrespondéiert net méi mat deenen haitege Geflogenheeten aus dem Secteur." Zum Beispill wier et "viru 25 Joer de Secteur "Extrahospitalier" praktesch nach guer net ginn".

"Dat ganzt Gesetz muss iwwerschafft ginn"

Donieft fuerdert de Romain Poos Ännerunge beim Code de Deontologie. Méi spezifesch bei de Reklammen. "An eisem haitege Code de Deontologie ass all Zort vu Reklamm verbueden." D'Leit aus dem Secteur sollen et erlaabt kréien, offiziell Informatiounen op de sozialen Netzwierker ze verbreeden. "Natierlech wëlle mir keng Publicitéit, déi trompeuse ass."

Ännerungen am Code de Deontologie misst et och um Niveau vun der Kollaboratioun tëschent den Dokteren an de fräischaffende Gesondheetsberuffer ginn. "Zum Beispill wann eng Gemeng en Haus zur Verfügung stellt, fir Dokteren a Gesondheetsberuffer zesummenzebréngen, da geet dat net méi sou einfach." De Code de Deontologie géif zum Beispill virschreiwen, datt all Gesondheetsberuff seng eegen Entréesdier an e separat Waardezëmmer misst hunn. "Dat ass net méi zäitgeméiss", kritiséiert de Romain Poos. Am Regierungsprogramm géifen esou Upassungen dra stoen. "Leider ass och vun der offizieller Säit bis haut nach näischt geschitt".

Penurie am Infirmiers-Beruff

D'Associatioun vun den Infirmiere schwätzt nach ëmmer vun enger Manktem u Personal am Infirmiers-Beruff. De Romain Poos gëtt hinne Recht, betount awer, datt um Niveau vun de verschiddene Ministèrë vill gemaach gi wier, fir de Beruff méi attraktiv ze maachen. "An awer hätten d'Gesondheetsberuffer, och bei de Ministèren, net déi Valeur, déi se verdéngt hunn." Am geplangte Spidolsplang wier de Conseil Superieur zum Beispill a kenger vun de Kommissioune vertrueden.