Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Fabiana Palladino - Stay With Me Through The Night

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alex Bodry: De “gesonde Mënscheverstand” decidéiert wéini de Parquet informéiert gëtt

Geheimdéngscht

Alex Bodry: De “gesonde Mënscheverstand” decidéiert wéini de Parquet informéiert gëtt

Den LSAP-Fraktiounschef seet déi rezent illegal Ecoute vum SREL wär net mat der Geheimdéngscht-Affär vu viru véier Joer ze vergläichen. D’Kontrollkommissioun vun der Chamber hätt an dësem Fall alles richteg gemaach.

auto_stories

2 min

Alex Bodry

D’Fraktiounscheffen vun CSV, LSAP, DP an Déi Gréng sinn den 10. Mäerz an der SREL-Kontrollkommissioun iwwert eng net autoriséiert Ecoute beim Geheimdéngscht informéiert ginn. Obwuel d’Gesetz dat an esou Fäll virgesäit, huet kee vun de véier Fraktiounscheffen de Parquet doriwwer an d’Bild gesat.

Den Alex Bodry seet d’Kontrollkommissioun hätt richteg gehandelt. “Et kann een sech d’Liewen och ganz einfach maachen: Soubal een nëmmen iergendeppes héiert, gëtt een et un de Parquet weider.” Mee da géif de Parquet “erstécken un all den Informatiounen, déi e géif kéieren, well wahrscheinlech an 90 Prozent vun de Fäll näischt drun ass.”

Et gëtt keen “absichtlechen Verstouss géint d’Gesetz”

Den LSAP-Fraktiounschef seet dofir et géif zur “Responsabilitéit” vun de Fraktiounscheffe gehéieren “eng éischt Appreciatioun ze maachen, op et en absichtlechen Verstouss géint e Gesetz gëtt oder en administrativen Feeler.” Als Member vun der Kontrollkommissioun géif hien sech dobäi op säin “gesonde Mënscheverstand”, seng berufflech Erfahrung, a seng juristesch Ausbildung beruffen, esou den Alex Bodry.

De Parquet huet sech a Tëschenzäit selwer saiséiert fir iwwert déi illegal Ecoute z’enquêtéieren. “Am Endeffekt ass et natierlech um Parquet ze tranchéieren,” seet den LSAP-Fraktiounschef. Hie wär awer “zouversiichtlech”, datt de Parquet zur selwechter Konklusioun kënnt wéi d’Kontrollkommissioun.

D'Geheimdéngscht-Affär ass “net vergläichbar”

Anescht wéi während der Geheimdéngscht-Affär viru véier Joer hätt des Kéier keen Agent vum SREL “wëssentlech géint d’Gesetz verstouss”. Den Alex Bodry ass dofir net averstanen “mat der Analyse, datt mer hei mat iergendeppes ze dinn hunn, wat vergläichbar wär mat deene Gesetzesinfraktiounen déi mer virun enger Rei vu Joren festgestallt haten, an déi schlussendlech zu Neiwahlen gefouert hunn.”

D’Kontrollkommissioun hätt en Abléck an all d’Dokumenter kritt, déi néideg sinn fir d’Situatioun anzeschätzen. Den LSAP-Fraktiounschef seet dofir hie géif haut zur selwechter Konklusioun kommen wéi den 10. Mäerz: D’Decisioun de Parquet net an d’Bild ze setzen wär “richteg” gewiescht.