Gewalt géint Fraen "Kuckt net ewech"

120 Fraen déi Affer vu häuslecher Gewalt waren, stoungen d'läscht Joer op der Waardelëscht fir eng Plaz an engem Foyer ze kréien, seet d’Alexa Warnier vum "Foyer Sud". Si gesäit d’Wunnengsnout als Problem.

Mick Entringer / ckl

Alexa Warnier
D'Alexa Warnier ass Chargée de direction am "Foyer Sud-Fraen an Nout"

802 Interventiounen an 242 Expulsiounen duerch d'Police gouf et am Joer 2015 wéinst häuslecher Gewalt zu Lëtzebuerg. Vun den Affer waren 62,4 Prozent Fraen a 37,6 Prozent Männer. Dat geet ervir aus dem Rapport 2015 vum "Comité de coopération entre les professionnels dans le domaine de la lutte contre la violence". Der Police no, géingen d’Zuele fir 2016 an déi selwecht Richtung goen.

Häuslech Gewalt wier och e kulturelle Problem, seet d'Alexa Warnier, Chargée de direction vu "Foyer Sud – Fraen an Nout". Bei Persoune mat Migratiounshannergrond géing et aner Gewunnechte ginn. "Déi Frae ginn oft méi geschloe wéi bei eis am Land", sou d'Alexa Warnier. De leschten offiziellen Zuelen no, wier een Drëttel vun den Affer vun häuslecher Gewalt Lëtzebuerger, een Drëttel Portugisen an een Drëttel vun anere Communautéiten. Dat géing sech och an de Foyere fir Fraen erëmspigelen.

Waardelëschte wéinst Wunnengsnout

D'Alexa Warnier ënnersträicht awer och, datt Fraen déi an e Fraenhaus ginn, an der Regel finanziell manner gutt gestallt sinn. Wann ee méi Suen hätt, wier et als Affer méi einfach eegestänneg ginn. Häuslech Gewalt géing et awer an alle sozio-ekonomesche Populatiounsschichte ginn, an si géing Frae vun all Alter betreffen. Zanter dem Expulsiounsgesetz aus dem Joer 2003, wieren allerdéngs manner Fraen op e Foyer ugewisen. Dat wär eng wesentlech Verbesserung, seet d'Alexa Warnier.

120 Fraen déi Affer vu häuslecher Gewalt waren, stoungen d’läscht Joer op der Waardelëscht fir eng Plaz an engem Foyer fir Fraen. Ursaach dofir wier d’Situatioun um Wunnengsmaart, seet d’Alexa Warnier. Well et net genuch präiswäert Wunnenge ginn, missten déi betraffe Frae méi laang wéi néideg an de Fraenhaiser bleiwen. Am Plaz dräi Méint, kéint dat bis zu engem Joer goen. Dat géing dozou féieren, datt net genuch Urgence-Plazen disponibel wären.

Fir d'Schafe vun engem weideren Zentrum

D’Alexa Warnier plaidéiert fir d’Schafung vun engem weidere Kriseninterventiounszentrum, nieft dem "Foyer Sud – Fraen a Nout" zu Esch. Dat géing et erlabe, Plaz ze schafen an den néng aner Fraefoyeren. Wann Fraen net direkt eng Plaz kréien, kënne si an akute Fäll an engem Hotel ënnerbruecht ginn, esou d’Alexa Warnier. Déi Placementer ginn da vum Chancëgläichheetsministère finanzéiert.

Mëttelfristeg kënne Fraen, déi keng Wunneng fannen, och een Appartement zur Verfügung kënne gestallt kréien, mat engem Suivi social, wou se nach begleet ginn, a wou si dann och autonom mat hire Kanner kënne liewen.

D'Aen opmaachen

D’Alexa Warnier lancéiert en Appell un d’Ëffentlechkeet fir opmierksam ze sinn, am Fall wou et Persounen net gutt geet. Et soll een versichen, de Betraffene bäizestoen, a sech un ee Service fir Hëllef ze wennen. "Kuckt net ewech", seet d’Chargée de direction vum "Foyer Sud – Fraen a Nout", deen säin 30. Anniversaire feiert.

D'Alexa Warnier bemierkt donieft, si wier "schockéiert" iwwert déi nei Legislatioun a Russland iwwert häuslech Gewalt, dat wär e Réckschrëtt fir d’Fraen alleguerten, seet d’Alexa Warnier. A Russland sinn d’Strofe fir d’Täter erof gesat ginn.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Mick Entringer
Lauschteren

Méi zum Thema

Anik Raskin.JPG
Prostitutioun

Datt am neie Gesetzprojet d’Responsabilitéit vum Client iwwerhaapt emol unerkannt gëtt, wier een éischte positive Schratt, fënnt d’Anik Raskin vum Nationale Fraerot. Dat wier awer net genuch.

Weilerbaach
Flüchtlingen

Flüchtlinge mam Statut hunn déi selwecht Rechter a Flichten, wéi all déi aner Residenten zu Lëtzebuerg. An domat kréie si och déi selwecht Problemer. Een dovun heescht "Wunnengsmaart".

Massard Raskin Fonck.JPG
Fraen a Politik a Wirtschaft

Datt Fraen a Politik a Wirtschaft manner present si wéi Männer, läit och u festgefuerene Mentalitéiten – bei Männer a Fraen. Dat soten d'Invitéeën a "Riicht Eraus". Et gouf awer och Kritik un der Politik.

Yves Piron-3.JPG
Flüchtlingen

Vun de ronn 3.200 Mënschen, déi zënter dem leschte Summer am Land ënnerbruecht gi sinn, huet an Tëschenzäit bal all Drëtten den Asyl-Statut unerkannt kritt, sou den OLAI-Direkter Yves Piron.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Noriichten

  • Ënnerwee

  • Panorama

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen