Radioen

On air

Tockcity  |  Maruja - The Invisible Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ALIA-Direkter kritt Mandat net verlängert

Iwwerraschung bei der Medienopsiicht

ALIA-Direkter kritt Mandat net verlängert

De Romain Kohn, Direkter vun der Medien-Opsiicht ALIA, kritt säi Mandat - dat Enn des Mount ausleeft - net d'office verlängert. Dat confirméiert de President vum ALIA-Verwaltungsrot, den Thierry Hoscheit. D'Decisioun fir de Posten auszeschreiwen wier de Moien an enger Sëtzung vum Verwaltungsrot gefall.

auto_stories

2 min

Iwwer d'Grënn wëllt den Thierry Hoscheit bis op Weideres näischt soen. Hien dementéiert, datt déi Entscheedung a Relatioun wier mat der Affär ronderëm d'Europa-Wahl-Spotte bei RTL. RTL hat jo ufangs refuséiert Spotten op Franséisch ze diffuséieren. Doropshin hat d'ALIA eng Instruktioun opgemaach, déi awer fale gelooss gi war, nodeems RTL sech ëmdecidéiert hat.

D'ALIA wier onofhängeg, ënnersträicht den Thierry Hoscheit. Et wier eng reng intern Decisioun vun de fënnef Membere vum Verwaltungsrot. Et wier näischt vu baussen diktéiert ginn. Membere vum Conseil vun der ALIA sinn nieft dem Thierry Hoscheit d'Valérie Dupong, d'Claude Wolf, de Marc Glesener an de Luc Weitzel. Alle Fënnef waren de Moie fir d'Decisioun vertrueden.

Den Direkterposte soll sou séier wéi méiglech ausgeschriwwe ginn, esou de President Thierry Hoscheit. Et wier onwahrscheinlech, datt bis Enn Mee en neien Direkter fonnt wier. Et leeft bei der Medienopsiicht ALIA also op eng Interimsphas ouni Direkter eraus. De Romain Kohn ass zanter Juni 2014 Direkter vun der ALIA.


Update vum 14. Mee

De Staats- a Premierminister Xavier Bettel gouf mat engem Bréif vum Thierry Hoscheit, President vun der ALIA, doriwwer informéiert, datt dem Direkter vun der Iwwerwaachungsautoritéit Romain Kohn säi Mandat no Enn Mee net verlängert gëtt.

Zu de Grënn fir dës Entscheedung wollt de Staatsministère näischt soen: d'ALIA wier eng onofhängeg Autoritéit, heescht et als Begrënnung. Kee Kommentar vum Ministère gëtt et och zur Tatsaach, datt de Verwaltungsrot vun der ALIA dës Decisioun während der aktueller Campagne fir d'Europawahle geholl huet: eng Campagne, déi d'Autoritéit eng éischte Kéier iwwerwaacht.