Déi ganz Regulatioun vum Mediesecteur soll bei enger Autoritéit konzentréiert sinn, fuerdert den Thierry Hoscheit, President vun der Alia. Dës Autoritéit sollt och d'Kompetenzen an d'Moyenen hu fir flexibel am Alldeeglechen op déi nei Defien am Mediesecteur ze reagéieren.
Aktuell gëtt de Medieministère d'Autorisatiounen, ausser fir d'Lokalradioen. Dat ass wéinst dem Siège vun RTL a vun SES e grousse politeschen Enjeu.
Déi selwecht Reegele fir all d'Medien
D'ALIA fuerdert och, datt aner Inkoherenzen ofgeschaaft ginn, beispillsweis sinn d'Internetsäite vun de klassesche Medien net regulariséiert. Idealerweis géifen dem Thierry Hoscheit no d'Säite vu Radioen, Tëleessender, Videosharing-Plattformen a soziale Medien deenen nämmlechte Reegelen ënnerleien.
Wien d'Reegelen iwwer Reklammen, Plurisalismus, Diskriminéierung oder Jugendschutz net anhält, soll bei seriöe Verstéiss mat Amendë vu bis zu 500.000 Euro kënne bestrooft ginn.
D'Fro vun de Sanktiounen ass enk mat där vun den Autorisatioune verknäppt, erkläert den Thierry Hoscheit: bei Verstéiss wier d'Ewechhuele vun enger Autorisatioun eng Optioun. Aktuell kann dat d'ALIA awer just bei lokale Radiostatiounen - bei deenen aneren ass de Medieministère dofir verantwortlech.
De Medieministère géif d'Positioun vun der ALIA kennen, mee bis elo hätt hien nach keng kloer Stellungnam héieren, seet den Thierry Hoscheit.