D'Medienopsiicht huet zanter dem 1. Juni, also annerhallwem Mount, keen Direkter méi. D'Mandat vum fréieren Direkter Romain Kohn war net verlängert ginn. De Verwaltungsrot hat kuerzfristeg seng Meenung geännert, nodeems am Februar nach decidéiert gouf, de Romain Kohn als Direkter ze behalen.
D'Sich no engem neien Direkter ass Enn Mee lancéiert ginn. D'Ausschreiwung gouf nach eng Kéier verlängert. D'ALIA gouf 2014 gegrënnt an ass fir d'Iwwerwaachung vun den audiovisuelle Medien zoustänneg.