Radioen

On air

Notturno  |  Ryan Davis & The Roadhouse Band - Free From The Guillotine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ All zweet Woch an d'Schoul, mat ville spezielle Schutzmesuren

Impakt vum Coronavirus op den Enseignement

All zweet Woch an d'Schoul, mat ville spezielle Schutzmesuren

Et géifen zwou fundamental verschidden Approchë ginn. Déi eng Länner géife bei der Reprise d'ekonomesch Interessien an de Mëttelpunkt stellen, déi aner déi sanitär Aspekter. "Lëtzebuerg huet kloer déi sanitär Approche gewielt", esou de Claude Meisch.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

D'Premièrë fänken de 4. Mee nees un, déi aner Lycéesschüler den 11. Mee, d'Grondschoul an d'Crèchë si viraussiichtlech de 25. Mee un der Rei. D'Schoule kéinten net éiweg zoubleiwen. Well et géife vill Risike ginn, datt Kanner schoulesch, psychologesch a gesondheetlech wéinst der aktueller Situatioun benodeelegt ginn.

Dofir géife fir d'éischt déi eeler Schüler nees zeréck an d'Schoule goen, well si sech besser schütze kënnen.

Eng Woch an d'Schoul, eng Woch doheem

D'Klasse ginn an e "Léiergrupp", sou wéi an en "Übungsgrupp" agedeelt, eng Woch iwwer déi aner. Déi eng Woch sinn d'Schüler mam Enseignant an der Klass, déi aner Woch übe si doheem. Den Enseignant hält also een an dee selwechte Cours zwou Wochen hannerteneen, esou de Claude Meisch.

Am Klassesall kéint een doduerch sécherstellen, datt ëmmer zwee Meter tëschent de Schüler an Enseignant agehale ginn, och an de Bussen. Ob zousätzlech Bussen agesat ginn, géif nach mam Transportministère gekläert ginn.

Ausname fir vulnerabel Persounen

Vulnerabel Persounen ënner de Schüler an Enseignantë solle geziilt geschützt ginn (krank Leit, eeler Leit). Si mussen net physesch present an de Schoule sinn, mee kënnen iwwer digital Weeër um Cours deelhuelen.

"D'Reprise an der Grondschoul gesi mer fir de 25. Mee vir", esou de Claude Meisch. Och do géifen d'Klassen an zwee gedeelt ginn, eng Woch an der Schoul, eng Woch doheem. Do missten nach Diskussioune mat ë. a. de Gemengen an de Maison relaise geféiert ginn. D'Regierung géif dovun ausgoen, datt de Verlaf vun der Covid-19-Krankheet sech bis dohin nach eng Kéier verbessert, mee se géif net dovun ausgoen, datt d'Schoul bis dohin nees ganz normal kéint fonctionéieren.

Och d'Crèchë kéinten de 25. Mee nees opmaachen. Et wier bei deene klenge Kanner besonnesch schwiereg fir d'Schutzmesuren ze applizéieren. Bis dohi géifen et nach prezis Recommandatioune ginn.

Weider Schutzmesuren

  • An de Schoulen ass de Mundschutz obligatoresch. Am Klassesall selwer ass e fakultativ. Schüler an Enseignantë kréien zwee Mundschutzen zur Verfügung gestallt.
  • Schüler sollen och all Stonn kënnen hir Hänn desinfizéieren.
  • Schüler sollen an hirem Grupp bleiwen a "Kräizunge" mat anere Gruppen evitéieren.
  • D'Kantinne bleiwen dofir zou.
  • Op de Gäng wäerten et "Circulatiounsreegele" ginn, esou de Minister.
  • D'Schüler dierfen an d'Paus, mee d'Pause gi versat. Wéi genee, hänkt vun der Gréisst vun der Schoul of.
  • Sportunterrecht gëtt et bis op Weideres keen.

Prüfungen an Examen

An der Woch vum 11. Mee kënne regulär Prüfunge sinn, esou de Claude Meisch. De Kalenner fir d'Premièresexame bleift bestoen. Mee d'Exame kënnen op méi Raim verdeelt ginn, fir datt d'Schutzmesurë kënnen agehale ginn.

D'Beruffsausbildung fänkt de 4. Mee nees un. D'Ofschlëss géifen do wéi geplangt iwwer d'Bün goen.

An d'Elteren?

Bis de 25. Mee kéinten Elteren de flexibiliséierte Congé pour raisons familiales huelen, wa si keen hu fir d'Kanner ze versuergen. Mee dat sollt éischter d'Ausnam si wéi d'Reegel.

D'Geschwëster sollen esou agedeelt ginn, datt si déi selwecht Wochen an d'Schoul mussen an déi selwecht Wochen doheem sinn, esou de Minister Meisch op Nofro hin. Dat wier awer sécher net an all Fall méiglech.

Fir d'Proffe géif nach u flexibel Léisunge geschafft gi bis den 11. Mee fir de Fall, datt si musse schaffe goen, hir eege Kanner awer mussen doheem bleiwen (well si zum Beispill an der Grondschoul sinn an eréischt de 25. Mee nees ufänken).

Musek a Sport

Vum 11. Mee u kënnen och an de Museksschoulen nees Eenzelcoursen organiséiert ginn, seet de Minister Meisch.

De Claude Meisch geet net dovun aus, datt de Sportstraining fir d'Kanner virum Summer nees kann ufänken. Mee hie wier do net zoustänneg, dat wier de Sportminister Dan Kersch (LSAP).