Radioen

On air

De Moien  |  Scissor Sisters - Take Your Mama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alles anescht wéi eng europäesch Léisung

Nominatioun Ursula von der Leyen

Alles anescht wéi eng europäesch Léisung

Déi iwwerraschend Nominatioun vun der däitscher Verdeedegungsministerin Ursula von der Leyen als Kommissiounspresidentin ass ëmstridden. Enner anerem well kee vun deenen, déi als Spëtzekandidate mat an d'Europawahle goungen, zeréckbehale gouf. Krut d'Demokratie an der EU ee Coup? Wéi steet et ëm d'Lëtzebuerger Responsabilitéit an deem Prozess? Dorop kucke mir mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

5 min

Danièle Weber

D'Staats- a Regierungscheffen aus der EU hunn iwwerraschend d'Kandidatin Ursula von der Leyen proposéiert. Ass dat nozevollzéien?

Nee, dat ass och e puer Deeg nodeems dës Decisioun geholl gouf, nëmme ganz schwéier nozevollzéien.

Ee Problem besteet doran, datt dës Verhandlungen hanner zouenen Diere sinn. Et ass also schwéier genee ze wëssen, wéi d'Entwécklung vun de Verhandlunge verlaf ass.

Eent ass sécher: Dat, wat een elo weess, léisst d'EU net an engem gudde Liicht do stoen.

Nodeems ee vun de Spëtzekandidaten, de Manfred Weber vun der Europäescher Vollekspartei scho virun der Reunioun vun de Staats- a Regierungscheffen aus dem Renne war (ënner anerem wéinst dem Blockage vu Frankräich), gouf e Sonndeg fir d'éischt emol 20 Stonnen ouni Succès iwwer de Spëtzekandidat vun de Sozialisten, de Frans Timmermans als Kommissiounspresident diskutéiert. Déi Variant gouf awer wéinst der Oppositioun vun de véier Visegrad-Länner (Polen, Tschechesch Republik, Slowakei an Ungarn) an och vun Italie verworf.

Wat iwwerraschend war: Um zweeten Dag vum Sommet gouf guer net iwwer déi drëtt Spëtzekandidatin, d'Margrethe Vestager vun de Liberalen, geschwat.

20 Stonnen iwwer de Kandidat Timmermans a keng Minutt iwwer d'Kandidatin Vestager ze schwätzen, ass net onbedéngt logesch.

Amplaz dovu louch dunn direkt d'Variant Ursula von der Leyen um Dësch. Et gouf also net wierklech probéiert, dee System vun de Spëtzekandidaten, an domat dat, wat vill Parteien de Wieler versprach haten, anzehalen.

Et ass en herbe Coup fir d'Demokratie an der EU, datt elo eng Kandidatin aus dem Tirang gezu gouf, déi sech ni huet missen an engem Wahlkampf positionéieren.

Dat hu par konter d'Spëtzekande gemaach. Si sinn duerch Europa getourt, haten Debaten op der Tëlee, hunn hir Positiounen a ville Wahlkampfveranstaltunge presentéiert.

Nodeems wéi dat elo duerchgezu gouf, wäert sech deem Stress kee méi aussetzen. Well et huet ee gesinn: een deen dat net mécht, huet besser Chancen op en top Job. Dat wäerte sech potentiell Interesséierter verhalen.

D'Decisioun um Enn d'Ursula von der Leyen zeréckzebehalen, gouf esou justifiéiert, datt et néideg war ee Kompromëss ze fannen, well ee sech soss net eens gi wier. Ee Kandidat wéi de Frans Timmermans hätt d'EU gespléckt, huet et geheescht. War een neien Numm dann net dee richtege Kompromëss?

Do muss ee sech froen: Zu wéi engem Präis gouf dee Kompromëss decidéiert?

De Skandal läit am Argument, wat géint de Frans Timmermans an d'Feld geféiert gouf. D'Leaderen aus Polen an Ungarn hu keen Heel doraus gemaach: Si wollten dee Kommissiounspresident net, well hie sech fir de Rechtsstaat a senger Funktioun als EU-Kommissär agesat huet an hir Politik kritiséiert huet.

Et brauch een net ze verwonneren, datt si net begeeschtert vum Kandidat Timmermans waren. Datt awer dono all déi aner akzeptéieren, datt de Frans Timmermans, deen näischt anescht gemaach huet, wéi d'EU-Gesetzer ze verdeedegen, elo net méi eligibel soll sinn, dat ass den eigentleche Skandal.

Fir d'Variant Timmermans wier ëmmerhin eng Dräi-Véierel-Majoritéit gewiescht. Do hätt ee sech vläicht missen iwwerleeën, ob een et drop ukomme léisst, an déi aner iwwerstëmmt.

De Frans Timmermans gouf um Enn net just vun den ëstleche Länner - mee och vun deenen anere verhënnert - a si mussen dofir d'Responsabilitéit iwwerhuelen.

Dozou kënnt, datt d'Argument, e Kandidat wéi den Frans Timmermans géif d'EU splécken, eent ass, wat een ëmdréie kann:

Wien esou argumentéiert, ignoréiert, datt déi pro-europäesch Leit an deene Länner dat anescht gesinn a léisst si och komplett am Ree stoen.

Déi Leit, déi a Polen oder an Ungarn an der Oppositioun sinn, setzen hir Hoffnung an eng staark Kommissioun, déi de Regierungen eppes entgéint setzt a staark duerchgräift, wann et ëm de Rechtsstaat geet.

Do sollt ee sech als Lëtzebuerger Premier, dee sech fir d'Valeure vun der EU staark mécht, iwwerleeën, wou ee steet a wat een deenen, déi dës Valeuren a Fro stellen, entgéint setze wëllt.

A propos Lëtzebuerg:

Et wier interessant ze wëssen, ob déi Decisioun vun de Nominatioune wierklech vun der ganzer Lëtzebuerger Regierung gedroe gëtt.

Ëmmerhin hunn LSAP an déi gréng eppes anescht am Wahlkampf vertrueden.

De President vun der LSAP, Franz Fayot, sot am 100,7-Interview, hie géif dovun ausgoen, datt dem Xavier Bettel seng Decisioun am Regierungsrot ofgeschwat war. War dat wierklech esou? A stinn déi aner wierklech dohannert? Dat si Froen, déi ee sech stelle muss. Ëmmerhin huet sech déi däitsch Kanzlerin beim Vott am Conseil enthalen, wéinst hirem Koalitiounspartner, der SPD. Zu Lëtzebuerg kann ee sech déi Froen also och stellen.

D'Ursula von der Leyen muss jo vum Europaparlament gewielt ginn. Wéi wahrscheinlech ass et, dat dat geschitt?

D'Europaparlament huet sech iwwer deen Nominatiounspak net gefreet. Allerdéngs, gouf et dës Woch éischt Zeechen, datt matgespillt gëtt, bei deem, wat d'Staats- a Regierungscheffe proposéiert hunn. Si hate jo an hirem Nominatiounspak nogeluecht, et sollt ee Sozialist an enger éischter Hallschent vun der Legislaturperiod Parlamentspresident ginn. An d'Parlament huet dat dës Woch esou duerchgezunn. Weder d'EVP nach déi Liberal haten ee Kandidat nominéiert, dat ass een däitlecht Zeechen dofir, datt si de Pak matdroen.

Op d'Sozialiste kënnt et beim Vott de 16. Juli un: Do gëtt et awer och schonn Undeitungen, datt ee sech jee nodeem wéi sech d'Kandidatin Ursula von der Leyen presentéiert, kéint mat hir offannen.

D'Parlament gëtt domat wierklech kleng bäi.

A sollt déi Kandidatin wierklech gewielt ginn, ass och d'Parlament mat dru Schold, datt hei d'Demokratie ee Coup krut.

Et hätt een dat kéinten anescht ugoen a méi drop pochen, datt ee vun de Spëtzekandidaten zeréckbehale muss ginn.

Am Resumé: De Spëtzekandidaten-System ass dout, op alle Fall fir elo. Et wäert schwéier ginn, en nees ze reaniméieren. D'Europaparlament ass geschwächt, an déi ëstlech EU-Länner plus den Emmanuel Macron kënnen eng Victoire feieren, déi op alle Fall keng europäesch ass.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.