Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Alles ginn iwwert d'Joren"

Gemengewahlen

"Alles ginn iwwert d'Joren"

D'Buergermeeschtesch vu Fëschbech geet dëst Joer net méi mat an d'Wahlen. Dat gëllt och fir de Schëfflenger Buergermeeschter. Béid nennen ënnerschiddlech Grënn. Zum Beispill méi Zäit fir d'Famill.

auto_stories

2 min

Et wier eng Erausfuerderung fir eng Gemeng vun iwwer 10.000 Awunner ëmmer weider z'entwéckelen, seet de Buergermeeschter vu Schëffleng, Roland Schreiner (LSAP). Dat géif och dofir gëllen, wéi een d'Problemer vun den Awunner ugeet. De Roland Schreiner huet 60 Joer a geet dëst Joer an d'Pensioun. Hie wëll sech méi ëm d'Famill a seng Hobbye këmmeren.

Datt d'Buergermeeschtesch vu Fëschbech net méi an d'Wahle gaangen ass, huet e puer Grënn. Et wier awer keng Trotzreaktioun an och net aus Angscht gewiescht, net zréckgewielt ze ginn, seet d'Marianne Brosius-Kolber (CSV). Virun dräi Joer hätten d'Gemenge Fiels, Fëschbech an Noumer sollen zur Gemeng Meesebuerg fusionéieren. D'Marianne Brosius-Kolber hat sech virum Referendum fir d'Fusioun staark gemaach. D'Bierger haten awer zu 67 Prozent dogéint gestëmmt.

Beruff a Famill

Als Direktesch vun der Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf hätt si berufflech vill ze dinn. Als Buergermeeschtesch vun enger klenger Gemeng misst ee Politik aus Leidenschaft maachen, well et wier vill Aarbecht nieft dem Beruff an der Famill. 12 Joer wier eng gutt Zäit fir an enger Gemeng an der Verantwortung ze sinn. Et wier net gutt, wa "Leit 25 oder 30 Joer diktéieren, wéi et viru geet", seet d'Marianne Brosius-Kolber.

Och wann et en interessanten Job ass, géif een d'Gemengepolitik mat der Zäit midd ginn, mengt sengersäits de Roland Schreiner. Et wier e schwéiere Beruff.

"Ech sinn der Meenung, datt ech alles ginn hunn iwwert d'Joren. Vläicht hunn ech och net genuch fir d'Famill gemaach, well et mécht ee ganz vill Sacrificen an all deene Joren."

Méi schwéiere Start als Fra?

Als Fra wier et méi schwéier an der Politik Fouss ze faassen, seet d'Marianne Brosius-Kolber. Si hätt negativ Reaktioune kritt, wéi si ugefaangen hätt, sech politesch z'engagéieren, esou d'Fëschbecher Buergermeeschtesch. Wéi si bis am Amt war, hätt dat sech awer geluecht.

Ob si an den nächste Chamberwahle mat der CSV géing matgoen, wollt d'Marianne Brosius-Kolber nach net soen - si hätt sech nach net decidéiert.

Duebel Mandater

De Roland Schreiner war net just Buergermeeschter zu Schëffleng, mä och Deputéierten. Wéi kritt een als Buergermeeschter an als Deputéiert alles ënnert een Hutt? Et wier ee Choix, deen ee fir sech selwer maache misst, mengt de Roland Schreiner. "Wann een et organisatoresch hi kritt, da geet dat. Et muss ee sech organiséiere kënnen an et muss een och delegéiere kënnen."

D'Fro vun den duebele Mandater dierft een och net verallgemengeren, seet hien. All Gemeng wier ënnerschiddlech.