Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Aldous Harding - Lawn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alphabetiséierung op Franséisch soll a véier Gemengen ugebuede ginn

Pilotprojet

Alphabetiséierung op Franséisch soll a véier Gemengen ugebuede ginn

A véier Gemenge soll d'Alphabetiséierung an der Schoul an noer Zukunft och op Franséisch ugebuede ginn, esou de Claude Meisch. Dat am Kader vun engem Pilotprojet, komplementar zu der klassescher Alphabetiséierung op Däitsch.

auto_stories

1 min

Foto: Unsplash / Taylor Wilcox

Un dësem Projet wier laang geschafft ginn, esou de Claude Meisch an der Chamber: scho virun 20 Joer hätt en am Regierungsprogramm gestanen, mee deemools hätt keng Gemeng wëlle matmaachen.

An enger éischter Etapp wier de Projet dann an europäesche Klassen agefouert ginn, deemools hätt ee sech op en existéierende Modell wëlle baséiere mat Enseignanten, déi dat ëmsetze konnten.

Eng komplementar Offer mam selwechte Léierprogramm

Elo sollen d'Elteren an engem Pilotprojet no Gespréicher d'Méiglechkeet kréie fir entweder op de Wee vun der klassescher Alphabetiséierung op Däitsch ze goen, oder datt d'Kanner op Franséisch alphabetiséiert ginn.

De Léierprogramm wier dann dee selwechten, just datt Däitsch dann als zweet Sprooch bäikënnt. Um Cycle 4.2 sollen d'Kanner mat béiden Alphabetiséierungen um selwechten Niveau sinn.

A wéi enge Gemengen de Pilotprojet wäert lafen huet de Claude Meisch net preziséiert. Déi fënnef international Schoulen, déi et aktuell hei am Land ginn, wieren eng - awer net déi eenzeg - méiglech Äntwert op d'Hyperdiversitéit vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, sou de Claude Meisch.

Zil misst si fir all Kand déi selwecht Bildungschance kënnen ze ginn.