"Als Krichsfotograf kann ee just mat schwaarzem Humor iwwerliewen"

allgemein5.2008-137.jpeg

(Foto: ©Ursula Meissner)

D’Ursula Meissner ass eng däitsch Krisen- a Krichsfotografin. 1992 huet si hir éischt Fotoreportage iwwert d’Belagerung zu Sarajewo verëffentlecht a schafft zanterhier als fräi Fotojournalistin. Si publizéiert hir Reportagen ënnert anerem a Magazinne wéi GEO an Nitro, schafft awer och fir Hëllefsorganisatioune wéi Misereo.

Als Fotografin huet si ënnert anerem aus dem Bosnie-Krich, aus Afghanistan, Ruanda, Syrien an de Palästinensergebidder bericht. Zanter 2012 ass d’Ursula Meissner och Dozentin fir Fotojournalismus op der Universitéit zu Tréier.

Mat hire Biller wëllt d’Ursula Meissner dorobber opmierksam maachen, dass Krich sech nimools loune wäert.

Iwwerliewe kann een an deem Beruff just mat schwaarzem Humor, esou déi däitsch Krisen- a Krichsfotografin. Duerch Laachen iwwert déi prekär Situatioune kéint ee Kraaft sammelen.

Den Interview vum Tessy Steffen-Koenig mam Ursula Meissner:

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen