Obwuel just d'Hallschecht vum Personal sech impfe gelooss huet, ass de Marc Fischbach awer net fir eng Impfflicht a sengem Secteur:
"D'Impfflicht ass en extrem haarden, an déiwen Agrëff an déi kierperlech Fräiheet. An ech wonnere mech, datt eenzel politesch Parteien elo scheinbar fir déi Impfflicht sinn, well ech der Meenung sinn, datt dat schwiereg ethesch Froen opwerft, déi een net ouni Weideres ka beäntwerten, ouni datt een sech de Konsequenzen vun esou enger Decisioun bewosst ass."
Wéi vill Prozent vum Fleegepersonal sech impfe gelooss huet, wéisst hien net, esou de COPAS-President. Säi Verband hätt dozou méi genee Donnéeën bei der Santé ugefrot, mee bis elo nach keng Äntwert kritt.
"Mir hunn ëmmer gefrot fir méi eng fein Granualtioun ze kréien. Dat heescht, datt mer genau wëssen, wéi vill Prozent vum Fleegepersonal dann elo an den eenzele Strukturen geimpft goufen. Mir hu bis haut awer nach keng Äntwert dorop kritt, wat mer bedaueren, well dat eis jo och d'Méiglechkeet ginn hätt fir nach eng Kéier beim Personal anzewierken."
De Marc Fischbach sot och, an den Alters- a Fleegeheemer hätt et u Personal gefeelt fir méi Schnelltester ze maachen. Dofir wier et net méiglech gewiescht fir an der Entrée vun den Haiser jiddwereen ze testen, esou de COPAS-President.
Ënner anerem zu Nidderkuer, Réiden a Schëffleng sinn an de leschten Deeg Corona-Clusteren an Altersheemer opgetratt. Eng ganz Rei Bewunner sinn doduerch em d'Liewe komm.