"D'Tanke kommen net", seet den Aarbechtsminister an LSAP-Spëtzekandidat am Bezierk Osten, Nicolas Schmit. Um LSAP-Kongress zu Rued Syr huet hien ënnerstrach, datt déi zousätzlech Tanken, déi zu Mäertert geplangt waren net gebaut géife ginn. "Mir kënnen net sou eng Konzentratioun op déi Plaz tëschent zwou gréisser Uertschafte leeën."
Den Dossier wier fir hien an deem déifsten Tirang verschwonnen, deen et an de Ministèrë gëtt. Iwwer d'Inspection du Travail et des Mines hätt och den Aarbechtsminister eppes an deem Dossier ze soen. "An do sinn d'Avise ganz negativ." Den Nicolas Schmit huet präziséiert, datt dat och mam Wirtschaftsminister Etienne Schneider ofgeschwat wier.
Wéini eng definitiv Decisioun geholl gëtt, sot den Nicolas Schmit net. Et misst een d'Prozedure lafe loossen.
Um LSAP-Kongress gouf d'Kandidatelëscht fir de Bezierk Osten mat 100 Prozent vun de Stëmmen ugeholl. Spëtzekandidat ass den Nicolas Schmit. Op der Lëscht sti véier Männer an dräi Fraen, dorënner d'Deputéiert Tess Burton. De fréieren Deputéierten an Iechternacher Schäffe Ben Scheuer geet och mat an d'Chamberwahlen.