Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - Up With People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Wäissen Haus mécht de Coronavirus sech breet

USA

Am Wäissen Haus mécht de Coronavirus sech breet

Och am Wäissen Haus gëtt et ëmmer méi positiv Covid-19-Fäll. Vill Membere vun der Coronavirus Cellule de crise hunn entscheet sech elo fir zwou Wochen ze isoléieren. Och de Vize-President Mike Pence geet elo mol net méi an d'Wäisst Haus, nodeem seng Pressespriecherin an e perséinlechen Assistent vum President Donald Trump positiv getest goufen.

auto_stories

3 min

Zanter dem Ufank vun der Coronavirus-Kris war ech net méi am Wäissen Haus. De Freideg, 13. Mäerz war et deene meeschte Leit an den USA bewosst ginn, datt sech d'Liewe géif veränneren. Mir hunn ugefaangen eis Distanze vuneneen anzehalen, mir hunn eis d'Hand net méi ginn, an als Journaliste ware mir gespaant, wéi dat am Wäissen Haus géif ausgesinn. Fir eng Pressekonferenz ware mir am Rousegaart, mir souzen a Still no beieneen an hunn dem President nogekuckt, wéi hie géint senger Regierung hir eege Recommandatioune verstouss huet a sengen Invitéen d'Hand ginn huet. No deem Dag war et mir ze riskant, an ech si bis d'lescht Woch net méi op d'Pressekonferenze gaangen. Et ass net iwwerdriwwen, datt do d'Ustiechungsgefor vum Covid-19 am Gréisste war.

Keng Erklärungen, mee pauschal Mediekritik

Elo gëtt just nach en Drëttel vun de Sëtzer am Pressesall benotzt, eng Virschrëft vun der Associatioun vun de Korrespondenten, onofhängeg vum Wäissen Haus selwer. Mir droe Mundschutz, eis Gespréicher geschéie mat zwee Meter Distanz, an d'Hänn gi konstant desinfizéiert, esou wéi dat och am Rescht vun der Welt de Fall soll sinn. Mee wa mir am ganz enke Krees vun enger Dose Journalisten opgeruff gi fir an den Oval Office, dann triede mir an eng aner Welt, wou et schéngt, datt d'Zäit den 13. Mäerz stoe bliwwen ass. Keen een Employé an der West Wing huet bis e Freideg e Mundschutz gedroen, si stinn no beieneen, a mir stinn am berüümtste Büro vun der Welt just e puer Meter vum President, vum Vize-President, a vu senge Mataarbechter. E Mëttwoch stoung ech direkt nieft dem Vize-President, e Mann deen all Dag op de Coronavirus getest gouf. Ech gouf nach net getest. Den Donald Trump hat Infirmièren invitéiert, déi mat Covid-19-Patiente geschafft haten. All stounge si direkt hanner dem President an hu seng Aarbecht als President héich gelueft. An deem Kontext hunn ech dem Donald Trump d'Fro gestallt, wat fir e Message da geschéckt gouf, wann hien ëmkreest war vu Leit, déi kee Mundschutz unhaten, an déi no beienee stoungen. Hie war net frou mat der Fro, an huet am Plaz ze äntweren d'Medien ugegraff.

Den Donald Trump gesäit d'Droe vum Mask als Schwächt

Mee d'Froe wäerten net ophalen. E Freideg bei der Pressekonferenz mam Trump senger Spriecherin hat all Member vun der Press de Mundschutz un. Just si selwer an hir Assistenten hate keen un. Si soen, datt d'Wäisst Haus eng sécher Plaz ass, well de President a säin enke Krees dacks getest ginn. Dei Tester gouf et all Woch an elo deeglech, nodeems deen nämmlechten Dag d'Spriecherin vum Vize-President positiv op de Covid-19 getest gouf. Jiddwereen, deen no un de President kënnt, gëtt getest a just bei engem negativen Test däerf een eran an d'Enceinte. Mee vergiess gëtt dobäi natierlech, datt déi Tester net 100 % fiabel sinn.

De President gouf nach keng eng Kéier mat Mundschutz gesinn. Hie soll et als Schwächt ugesinn. Déi Staark weisen hiert Gesiicht a wëllen zeréck un d'Aarbecht. Déi Schwaach beschütze sech an hunn Angscht sech an der Ëffentlechkeet ze weisen, wann d'Fallzuele weider an d'Luucht ginn. Datt schéngt déi nei Devise an Amerika ze sinn, déi den Donald Trump wëllt verbreeden.