Radioen

On air

Kultur um 5  |  Not to be messed with

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ressourcen am Weltraum

Asteroid Mining

Ressourcen am Weltraum

Kéint den "Asteroid Mining" zu enger Renaissance vum Siderurgie-Image féieren? De Wirtschaftsminister huet de Projet virgestallt. Et feelt awer dee legale Kader. An et bleiwe wichteg Froen ze klären.

Tessy Steffen-Koenig / ys

auto_stories

4 min

©Elenarts / Bigstock

"Asteroid Mining", dat bedeit Materialie vun Himmelskierperen, wéi Asteroiden, ze recoltéieren a se erof op d’Äerd ze bréngen. Et geet awer och drëm, dës Ressourcen ze kommerzialiséieren, esou den Etienne Schneider. Dat wier awer just méiglech, wann et eng kloer Legislatioun fir de Projet géing ginn.

Weem gehéiert de Weltall?

"Do gëtt et deen Outer-space-treaty vun 1967. Dee regelt eng Rei Saachen, wat alles am Espace däerf geschéien. Do ass awer vun deem dote Prinzip, dass ee Wueren aus dem Weltraum erof op d'Äerd bréngt, ni riets gaang. Aus deem einfache Grond, well dat deemools ondenkbar war", erkläert de Wirtschaftsminister.

Et muss also gekläert ginn, weem d’Himmelskierper, déi ronderëm d’Äerd kreesen, gehéieren. D’Meagan Crawford vun "Deep Space Industries" aus den USA seet, am einfachste kéint een et mam Mier vergläichen. Dat géif och kengem gehéieren. Fësch, déi an internationale Gewässer gefaange ginn, géifen deem gehéieren, dee se fänkt. "Fëscher kënnen d'Ressourcë vum Mier recoltéieren, an dës Ressourcë besëtzen, ouni een Usproch op  d'Mier selwer ze hunn. De Weltall gesi mir op déi selwecht Manéier."

Risiken agoen

An deene läschte Jore wär scho vill um Thema geschafft ginn, seet de Markus Payer vun SES Astra. Zum Beispill vun der International Space University bei Stroosbuerg. Ingenieuren a Firmen hätte sech mat "Asteroid Mining" beschäftegt an et wier vill an d’Recherche investéiert ginn. Eng Rei Technologië wieren och schonn an der Realitéit gestet ginn. Den technologesche Kader wier also scho gesat.

De Markus Payer fënnt et intelligent, datt och ee gesetzleche Kader soll geschaf ginn. An datt ee géing probéieren, fir Investisseuren an d'Land ze huelen: "Damit packt man ganz bestimmt den Stier bei den Hörnern." Hie begréisst, datt ee bei dësem Thema éischter optimistesch an d’Zukunft géif blécken a sech net ze vill vu Skeptiker géing beandrocke loossen. Et hätt sech och bei kommerziell genotzte Satellitte bewisen, datt et sech géing lounen, Risiken anzegoen.

Minett in Space?

De Walter Peeters vun der International Space University vu Stroossbuerg ënnersträich de gudde Ruff, dee Lëtzebuerg am Beräich vum Biergbau huet. "Dat géif nach eng aner Dimensioun ginn. Domat wäert Dir net just Spezialisten am Beräich vum traditionelle Biergbau." D'Iwwerdroe vum Know-How op dës nei Welt géif der technescher Reputatioun vu Lëtzebuerg ee grousse Sprong no vir ginn.

Perspektiven a Froen

Och den CSV-Politiker Laurent Mosar ass der Meenung, datt dofir fir d'éischt e legale Kader fir "Astroid Mining" soll geschaf ginn. Hien ass dovunner iwwerzeegt, datt Lëtzebuerg dovu kéint profitéieren an hofft op Synergië mat der Finanzplaz: "Et kéinten eventuell Investissementer finanzéiert gi vu Banken hei vun der Plaz. Dat kéint sécherlech och um Niveau vun der Recherche eng Rei Opportunitéite creéieren." Och de groussen Interessi vun der internationaler Press stëmmt de Laurent Mosar optimistesch.

Dem Wirtschaftsminister no géing de Projet nach an deenen nächste Méint lancéiert ginn a spéitstens am Hierscht deposéiert ginn. E puer Froe schéngen awer nach gekläert mussen ze ginn. Virun allem, wéi grouss den ekologesche Foussofdrock dobäi ass. An ob et sech wierklech lount, Mëttelen an den Ofbau vu Ressourcen am Weltall ze stiechen, wann een déi kéint notze fir erneierbar Energien op der Äerd ze entwéckelen.