Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Biréli Lagrène and Sylvain Luc - All the Things You Are

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Am Zentrum steet de Wëlle vum Patient"

Euthanasie

"Am Zentrum steet de Wëlle vum Patient"

Et géif zu Lëtzebuerg nach ëmmer Doktere ginn, déi déi aktiv Stierfhëllef refuséieren, seet den Dokter Carlo Bock. De Kriibsspezialist ass Member vun der Kontroll- an Evaluatiounskommissioun iwwert Euthanasie an aktiv Stierfhëllef. Dem Carlo Bock no géingen och d'Spideeler déi aktiv Stierfhëllef ënnerschiddlech ugoen.

auto_stories

2 min

Aktiv Stierfhëllef ass fir den Dokter "eng Method fir de Leit hirem Wëllen no ze goen, an dat ze maache wat déi Leit gären hätten", seet de Carlo Bock. 18 Persounen, mat enger onheelbarer Krankheet, haten an de Joren 2015-2016 gebieden, datt hirem Liewen en Enn gesat gëtt. Domadder ass d'Zuel géigeniwwer den zwee Joer virdru liicht ëm dräi Fäll an d'Luucht gaangen. Dat geet ervir aus dem Rapport, deen d'Kontrollkommissioun iwwert d'Euthanasie rezent virgestallt huet.

Dem Gesetz no ass et dem Dokter seng Roll, dem Patient genee ze soe wat en huet. "Den Dokter muss de Patient genee informéieren, an och ënnerstëtzen, an him déi verschidde Méiglechkeete ginn. De Patient ass am Zentrum, vun der ganzer Affär. An et ass de Patient deen ze soen huet wéi et geet", seet de Carlo Bock.

E philosophesche Kampf

Et géing ëmmer nach puer Dokteren zu Lëtzebuerg ginn, déi d'Euthanasie géife bekämpfen. Senger Meenung no wier dat net richteg. Am Fall vum Refus vun engem Dokter géigeniwwer enger Demande op aktiv Stierfhëllef, muss dem Gesetz no de Patient selwer en aneren Dokter sichen. Well dat um Enn vum Liewe schwéier ass, géif et virkommen, datt de Wëlle vum Patient net respektéiert géing ginn, seet de Kriibsspezialist.

Dofir recommandéiert de Carlo Bock, datt ee sech Gedanke mécht a sech informéiert wat fir Méiglechkeeten et um Enn vum Liewe gëtt. "Disposition de fin de vie" wier awer keng Demande fir Euthanasie am Virfeld. Déi schrëftlech Erklärung wier geduecht, datt wann e Patient an engem irreversibel Koma ass, datt wann hien um Stierwe läit an ouni Bewosstsinn ass, datt dann eng Euthanasie gemaach ka ginn.

Datt nom Lëtzebuerger Gesetz vun 2009 net keen anert EU-Land aktiv Stierfhëllef legaliséiert huet, féiert de Carlo Bock op en nach ëmmer grousse philosophesche Kampf zréck, deen sech engem gewësse "Progrès social" géif widdersetzen.

Fir aktiv Stierfhëllef fir doudkrank Mannerjäreger zu Lëtzebuerg ze legaliséieren (wéi dat an der Belsch oder an Holland de Fall ass), ass et dem Carlo Bock no nach ze fréi. Dofir géifen et nach ze vill Widderstänn an der Gesellschaft ginn. Verschidde "Milieue" géifen sech dogéint wieren.