"An den Nationalarchive gëtt et keng grouss Onuerdnung"

An den Nationalarchive géing et keng grouss Onuerdnung ginn: Dat huet d’Direktesch Josée Kirps haut am 100,7-Interview kloer gestallt. Een Dossier aus der Zäit vum Zweete Weltkrich mat Archiv-Material iwwer Bank-Kontoe vu jüdesche Bierger ass an den Nationalarchiven net méi erëmzefannen, hate mer gëschter gemellt.

D’Wëssenschaftler aus der Recherche-Kommissioun, déi 2009 de Rapport iwwert d’"spoliation des biens juifs" finaliséiert haten, hätten Zougank zu Archiv-Dokumenter gehat, déi zum Deel nach net referenzéiert waren, esou d’Josée Kirps. Den elo vermëssten Dossier hätt vun dëse Persounen eng Nummer kritt, déi net konform zu den Dokumente-Nummeren aus den Nationalarchiven ass.

Wann d’Wëssenschaftler den elo vermëssten Dossier an den Nationalarchive gesinn hunn, da géing een e fréier oder spéide rëmfannen, huet d’Directrice versprach.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen