An der Stad gëtt et ee Manktem un Hotelszëmmer zu abordabele Präisser. Et wier ee Fakt, datt de Grand-Duché als Business-Destinatioun vu méindes bis donneschdes eng ganz grouss Demande un Hotelszëmmeren huet, seet den Direkter vum LCTO, den Tom Bellion:
"Wa parallel och nach EU-Kommissiounssitzunge sinn, da gëtt et wierklech knapp mat den Hotelszëmmeren. An ech hoffen, datt déi eng oder aner Projeten, déi den Ament am Gespréich sinn, sief et an der Stad oder um Kierchbierg oder an der Peripherie zu Gaasperech, realiséiert ginn. Domat kéint een d'Hotelskapassitéiten an den nächste Joren eropschrauwen."
Unesco-Tour mam elektresche Vëlo
De Luxembourg City Tourist Office proposéiert verschidden Tier, déi ee mat engem Guide ka besichen. Zanter leschter Woch kann ee mat den elektresche Vëloe vun der Stad iwwer den UNESCO-Tour fueren. Domat kéint jiddwereen an ouni Ustrengung déi schéin Ecker aus der Stad entdecken, dëst op engem Circuit vun 9,5 Kilometer, seet den Tom Bellion.
UNESCO-Patrimoine zitt Touristen un
Den UNESCO-Label erlaabt et eng gewësse Clientèle unzezéien, déi kulturhistoresch Interessien hunn, erkläert den Tom Bellion:
"Dat ass vläicht souguer ee Punkt, dee mir an Zukunft misste verstäerkt an d'Fënster setzen, besonnesch well mir elo Enn des Joers de 25. Anniversaire feieren, wou mir dee Label kruten. Ech mengen, datt dat een Argument fir d'Vente ka sinn, deen aner Stied net hunn."
Kasematte si ganz beléift
Dëst Joer ginn d'Péitrusskasematten no de Renovatiounsaarbechte fir de Grand-Public op:
"Mir hunn déi traditionell Attraktiounen, wéi d'Bock-Kasematten, wou mir dëse Weekend carrement iwwerschwemmt gi si vu Leit, déi d'Kasematte wollte kucke goen. Da si mir am Gaangen an de Kasematte vun der Péitruss vill ze schaffen. Am Laf vun der Saison ginn déi och fir de Grand-Public opgemaach. Dat wäert eng zousätzlech Top-Attraktioun an der Stad an och am Land ginn", esou den Tom Bellion.