Radioen

On air

Tockcity  |  Justice & Miguel - Saturnine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Majoritéit, mä keng Victoire

Franséich Parlamentswahlen

Majoritéit, mä keng Victoire

62 Prozent vun den Deputéiert stellt d'Allianz tëscht La République En Marche an dem MoDem. Dat ass eng confortabel Majoritéit fir de Staatspresident Emmanuel Macron. Mä dat heescht net, datt 62 Prozent vun de Fransouse gëscht der Regierungsmajoritéit eng Stëmm ginn hätten.

auto_stories

2 min

Éischtens hunn net vill Leit vun hirem demokratesche Recht profitéiert. Just 2 vu 5 Wieler hu bei dëse Parlamentswahlen eng valabel Stëmm ofginn. Dat ass en trauregen Negativ-Rekord. Trotz der Euphorie an de Medie ronderëm déi nei Beweegung vum neie Staatspresident schéngt den Interessi vun de Bierger un der Politik net méi grouss ginn ze sinn.

Zweetens profitéiere La République en Marche an de MoDem vun engem Wahlsystem, deen déi stäerkst Partei favoriséiert. Däers muss sech déi nei Majoritéit bewosst sinn.

REM: Keng Victoire

Et war dofir net verkéiert, datt déi Responsabel vu La République En Marche gëscht Owend hei zu Paräis éischter bescheiden opgetruede sinn. Déi schwaach Participatioun bei dëse Wahle géif weisen, datt d'Beweegung elo muss schaffe fir d'Land ze mobiliséieren an ze vereenegen, esou d'Presidentin vu La République En Marche.

De Spriecher vun der Regierung huet et op de Punkt bruecht: Et kéint een no dëse Wahlen nach net vun enger Victoire schwätzen. Dat kéint ee eréischt a fënnef Joer maachen, wann d'Saache bis wierklech geännert hätten. Dat wier eng zousätzlech Responsabilitéit fir den Emmanuel Macron a säi Regierungschef Edouard Philippe. Mä si mussen och hir Partei festegen a fir Kohärenz an den eegene Reie suergen: Eng Erausfuerderung bei enger Beweegung, déi et eréischt zënter engem gudde Joer gëtt.

Direkt e Stresstest

Historesch sinn d'Presidentiellen an d'Legislativen allemol: Wéinst dem onerwaarte Succès vun enger neier Beweegung, mä och wéinst der Zerstéierung vun den traditionelle Parteien, déi an den nächste Méint nach vill intern Streidereie kréie wäerten.

An nieft all deem muss konkret Politik gemaach ginn. Vill Wieler vu La République En Marche erwaarde sech offensichtlech e Wiessel. En éischte Stresstest kënnt schonn an den nächste Woche mat där am Frankräich ganz sensibeler Reform vum Code du Travail.

D'Analyse vum Jean-Claude Franckplay_arrow