Radioen

On air

Notturno  |  De La Soul - Pain Feat. Snoop Dogg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ändert sich nichts, ändert sich alles a Rebellion oder Untergang!

Hannergrënn iwwer de Klimawandel

Ändert sich nichts, ändert sich alles a Rebellion oder Untergang!

"Rebellion oder Untergang!" vum Noam Chomsky an "Ändert sich nichts, ändert sich alles" vun der Katharina Rogenhofer a Florian Schlederer: zwee Bicher mat Fakten an Hannergrondwëssen iwwer d'Problematik vum Klimawandel. Trotzdeem d'Auteure ganz ënnerschiddlech biographesch Prägungen hunn, stëmme si a ville Punkten iwwereneen.

auto_stories

4 min

Ufanks August koum d'Nouvelle vum Genfer Weltklimarot[1], datt et 2030, zéng Joer méi fréi ewéi prognostizéiert, zu engem globale Réchauffement vun 1,5 Grad am Verglach zu der virindustrieller Epoch kennt. Des Hausse, esou dee Bericht, ass "eendeiteg' vum Mënsch provozéiert ginn. D'Suitte vun dëser desastréiser Entwécklung concernéiere jiddwereen a wäert op all Kontinent ze spiere sinn. D'Zäitfënster fir dee Réchauffement nach an de Grëff ze kréien, gëtt ganz schnell méi enk. D'Ofschmelze vum arkteschen an antarkteschen Äisschëld, d'Verstäerkung vum El Niño Phenomen oder d'Perturbatioun vun der atlantescher thermohaliner Zirkulatioun, si Kipppunkten déi e Kaskadeneffekt a Gang setzen, a klimatesch Ännerungen ausléise kennen, déi irreversibel sinn.

Et ass e villverspriechenden Ëmstand, datt besonnesch déi jonk Generatiounen an de leschte Joren den Toun verschäerft an esou munches beweegt hunn. Mee och vun den eelere Semestere ginn et Stëmmen, déi zënter Joerzéngten onermiddlech virum Klimawandel an der Oprëschtung warnen. - Aus béide Lager läit ons haut jeeweils e Buch fir.

Gutt veranschaulescht, wat Verantwortung iwwerhuelen heescht

D'Katharina Rogenhofer, Joergang 1994 an de Florian Schlederer, Joergang 1992, weisen an hirem Buch 'Ändert sich nichts, ändert sich alles' aus dem Zsolnay Verlag, wéi komplex d'Problematik ass, a wéi wäit d'Interessi oft ausenaner driften, wou Ökologie, Wirtschaft oder Politik sech profiléiere wëllen.- D'Katharina Rogenhofer, déi Biologie an de Florian Schlederer, dee Physik a Philosophie studéiert huet, sinn allebéid an der Friday for Future Beweegung engagéiert. Dës international Beweegung vu Schüler a Studenten, setzt sech an, fir datt d'Klimaschutzfuerderungen a -moossnamen, déi am Paräisser Weltklimaofkommes beschloss goufen, schnell an effizient ëmgesat an agehale ginn. An hirem Buch weise Rogenhofer a Schlederer ganz gutt, wat et heescht, Verantwortung ze iwwerhuelen, fir sech um Terrain ze engagéieren, a gläichzäiteg och all déi ganz perséinlech Suergen, déi den Alldag mat sech bréngt, ze meeschteren.

Béid Auteure bréngen engem nach emol virun Aen, datt déi wirtschaftlech Acceleratioun net méi kompatibel ass mat eiser Liewensgrondlag. D'Fäegkeet vun eisem Planéit, Ressourcë fir dëse permanente Wuesstum bereetzestellen an d'Kontaminéierung ze absorbéiere, gouf schonn 1980 iwwerschratt. De Club of Rome huet 1972 a sengem historesche Rapport The Limits to Growth virum Overshoot a Collapse Zenario ab dem Joer 2030 gewarnt. Trotz de Kontroversen déi deemools ausgeléist goufen, bestätege sech dës Previsiounen elo, 50 Joer nodeems dee Rapport verëffentlecht gouf. D'Mënschheet ass eng Naturgewalt ginn, déi déi natierlech Grenzen, déi dem Planéit gesat sinn, längst iwwerschratt huet. Mir produzéieren, konsuméieren a gaspilléiere Ressourcen, déi net méi erneiert kenne ginn. D'Zäregasen déi duerch dee Prozess fräigesat ginn, bewierken, datt d'Atmosphär d'Hëtzt net méi an d'Weltall ausstrale kann. Duerch deen Dämmungseffekt geet d'Klimatemperatur kontinuéierlech erop. D'Suitte vun der Äerderwiermung hunn elo schonn nefast Konsequenzen a méi nach fir déi kommend Generatiounen.

Zwee liesenwäert Bicher

Dat ass e bedreelecht Bild, mee leider ass dat d'Realitéit. Net manner vehement warnt den Noam Chomsky a sengem Buch 'Rebellion oder Untergang!' aus dem Westend Verlag virun deene katastrophalen Auswierkunge vum Klimawandel. De Chomsky, Joergang 1928, ass ee vun de bekanntsten Intellektuelle vum 20. Joerhonnert. Deen emeritéierte Professer fir Linguistik a Philosophie um MIT, dem Massachusetts Institute of Technology, wuar laang Zäit déi am heefegsten zitéiert Persoun op der Welt.

A sengem Buch verweist hien op d'Drénglechkeet vun der Klimaproblematik. An deem Kontext erënnert de Chomsky drun, datt dat lescht Massestierwe 66 Millioune Joer zeréck läit an duerch en Asteroid, deen op der Äerd ageschloen hat, declenchéiert gouf. 75 Prozent vun den Aarten um Planéit goufen deemools vernicht. Fir de Chomsky ass et offensichtlech, datt de Mënsch amgaang ass, e weidert Massestierwen an d'Weeër ze leeden, dem och an de Mierer an um Land vill Aarten zum Affer falen.

D'Opfuerderung fir ze Handelen, gëtt vun den Auteure vu béide Bicher als e zentraalt Uleies dat jiddereen eppes ugeet, ervir gehuewen. 'Rebellion oder Untergang!' vum Noam Chomsky aus dem Westend Verlag an 'Ändert sich nichts, ändert sich alles' vum Katharina Rogenhofer an dem Florian Schlederer aus dem Zsolnay Verlag, zwee liesenswäert Bicher mat Fakten an Hannergrondwëssen iwwert de Klimawandel - eng Problematik, déi ons sécherlech nach laang an intensiv beschäftege wäert.


[1] Intergovernmental Panel on Climate Change (IPCC)