Virun allem am Beräich vun der Landwirtschaft kann ze mann Reen längerfristeg Problemer schafen, seet de Meteorolog Andrew Ferrone. Beispillsweis géif d'Gras net genuch wuessen an de Schnatt vu Bauere géif deemno net sou gutt ausfalen.
"Dat féiert dann dozou, datt se hire Späicher net kënnen opfëllen an doduerch da musse Fuddermëttel bäikafe fir iwwer d'Wanterméint ze kommen."
D'Méint Mäerz an Abrëll si mat Ausnam vun der Muselgéigend iwwer d'ganz Land gekuckt ze dréche gewiescht, och wann et nach keng "extraordinär Situatioun" wier, seet den Andrew Ferrone.
Manner Reen, Temperature ginn an d'Luucht
An der Stad Lëtzebuerg ass ronn en Drëttel manner Ree gefall, am Norde vum Land bis zu 50 Prozent manner. Dat wier awer keen neie Phänomen, well d'meteorologescht Fréijoer zu Lëtzebuerg statistesch gesinn déi lescht 60 Joer méi dréche gi wier.
D'Temperature wieren an där Zäit och "signifikativ" ëm 1,6 Grad Celsius an d'Luucht gaangen, seet den Andrew Ferrone.
Ee Lien mam Klimawandel
Fir de Meteorolog a Lëtzebuerger Vertrieder am Weltklimarot hänkt dës Evolutioun och ganz kloer mam Klimawandel zesummen.
Momentan wier et ze fréi fir ze soen, ob d'Joer ze dréche géif ausfalen, mengt de Meteorolog Andrew Ferrone. Sécher wier awer, datt d'Phänomeen "Dréchent" eis och an de nächste Jore wäert weider begleeden.