Ëffentlechen Transport Déi éischt Etapp vum Tram

An der Stad verschwanne Beem: Et gëtt Plaz gemaach fir den Tram. Enn 2017 soll déi éischt Linn a Betrib sinn. Den Direkter vu Luxtram erkläert wat bis dohinner geschitt. A wéi et duerno weider geet.

Mick Entringer / ys

André von der Marck

No enger laanger Preparatiounsphas ass den Tram am gaang Realitéit ze ginn. Eng 50 Beem ronderëm de Glacis sinn an deene leschten Deeg verschwonn. De Generaldirekter vu Luxtram erkläert, d'Beem wäre momentan um Waldhaff an enger Pepinière. An dräi bis véier Joer solle se nees laanscht d'Streck vum Tram ageplanzt ginn. Um Kierchbierg goufe Beem ëmgeseet.

Test um Kierchbierg

Deen éischten Tracé, un deem elo geschafft gëtt, gëtt ronn 6 Kilometer laang. Enn 2017 soll déi éischt Linn zwëschent der Luxexpo an der rouder Bréck zirkuléieren. Déi éischt 6 Kilometer wären eng wichteg Testphas. All d'Acteuren, déi um Chantier bedeelegt wären, kéinten um Kierchbierg léieren, dës nei a komplex Zort vu Chantier ze geréieren. Fir d'Aarebchten am Zentrum misst ee gutt preparéiert sinn, sou den André von der Marck. Ënner anerem d'Stad Lëtzebuerg a Ponts et Chaussées géifen ënner der Autoritéit vu Luxtram agéieren. Déi nächst 16 Kilometer solle bis 2021-2022 fäerdeg sinn.

Um Kierchbierg géif den Tram ronn 20 Meter vun deene 65 Meter vun der Avenue anhuelen. Déi véier mëttels Piste géife weider funktionéieren, wéi dat momentan de Fall ass. De Couloir vum Bus wär scho blockéiert fir de Chantier vum Tram.

Den Tramsschapp beim Rond-Point Serra gëtt de Siège social vun der Luxtram S.A. D'Chauffeuren an d'Personal vun der Sociétéit wäerten hei schaffen. Dat sollen a véier Joer ronn 240 Leit sinn, erkläert de Generaldirekter.

E spueneschen Zuch an indesche Stol

Den Tram selwer kënnt vun enger spuenescher Firma. De Choix wär no de Regele vun de Marchés publics gemaach ginn. Et hätt ee sech fir déi bescht Offer entscheed. Virun allem vun engem techneschen Point de Vue aus. Eng Contrainte war zum Beispill, datt den Tram am Zentrum ouni Stroumleitunge muss kënne fueren.

Och bei de Schinnen hätt een Offere verglach. D'Schinne fir déi éischt sechs Kilometer kéime vum indesche Stolproduzent Tata-Steel. Dem André von der Marck no géing awer näischt verhënneren, datt bei der Ausschreiwung vum nächsten Tronçon vum Tram Arcelor den Zouschlag kéint kréien, wann de lëtzebuerger Stolproduzent eng gutt Offer géing maachen.

Gutt Aussiichten?

Trotz vereenzelte Kritike verséchert de Generaldirekter, datt d'Majoritéit vun de Stater Leit dem Projet positiv géigeniwwer agestallt wären. Luxtram géif virun allem faktuell Froe gestallt kréien. Iwwer méiglech Entschiedegunge fir Commerçante wollt den André von der Marck net schwätzen. Wann ee gutt géif oppassen an näischt géif futti maachen, misst een och herno net fir ee Schued opkommen.

De Gesamtbudget fir den Tram gëtt op 550 Milliounen Euro geschat. Den Direkter vu Luxtram geet dovun aus, datt dës Enveloppe wäert kënne respektéiert ginn.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Stau zu Bréissel um Ring Analys
Verkéiersproblematik zu Bréissel

All Joer kaschten d’Verkéiersproblemer ronderëm Bréissel déi Belsch Economie iwwer eng hallef Milliard. Léisungsvirschléi ginn et scho laang. Wa se net ëmgesat ginn, riskéiert d'Situatioun ze kippen.

Gilles Dostert.jpg
Mobilitéit

D'Autosfuerer stoungen zejoert am Duerchschnëtt 34 Stonnen am Stau. Den Tram wäert dat verbesseren, seet den Direkter vum Verkéiersverbond.

Praktesch Infoen

  • 3.6. Generatiounen

    3.6. Generatiounen

    Manner Kalorien, Orchester an Danzmusek mam René de Bernardi an "The Sound of Music"

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen