Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Djo - End of Beginning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Andréck vun Hongkong

Lëtzebuerger am Ausland

Andréck vun Hongkong

Zanter Méint gëtt an de Stroosse vun Hongkong géint d'Regierung protestéiert. Ugefaangen huet alles mat der Oppositioun géint ee Gesetzesprojet, deen et sollt erméiglechen, Prisonéier vun Hongkong a China auszeliwweren - Hongkong steet ënner der Verwaltung vu China.

auto_stories

1 min

An de leschten Deeg waren d'Protester méi intensiv ginn, an déi chinesesch Regierung hat domat gedreet, Gewalt anzesetzen. De Lëtzebuerger Fotograf Jose Lopes Amaral ass am Taiwan baséiert, mee hien huet d'Protester zu Hongkong vun Noem suivéiert.

De Rick Mertens huet mat him iwwer d'Situatioun op der Plaz geschwat.