Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Andrew Ferrone: D'Klimafro ass gläichzäiteg d'Iwwerliewensfro

Klimawandel

Andrew Ferrone: D'Klimafro ass gläichzäiteg d'Iwwerliewensfro

Méi wéi d'Hallschent vun der Weltpopulatioun géifen haut ënner de Konsequenze vum Klimawandel leiden. Dréchent, Iwwerschwemmungen, Bëschbränn a Liewensmëttelmangel géife Mënsch an Natur ënner Drock setzen. An dat ganzt wier nëmmen den Ufank, seet den Andrew Ferrone.

auto_stories

2 min

Et geet em d'Iwwerliewe vun der Mënschhheet, mat dësen drasteschen Wieder huet den internationale Panel fir Klimawandel IPCC haut säin neie Rapport virgestallt. D'Erwiermung vun der Äerd géif deemno elo scho geféierlech Changementer no sech zéien, déi net méi kéinte gutt gemaach ginn.

Deemno kënnt d'Erwiermung vun 1,5 Grad schonn 2030 erreecht ginn, zéng Joer éischter wéi bis elo gemengt. Trotz alle Mesurë wieren dann irreversibel Schied un de Biotopen entstanen, dräi bis 14 Prozent vun den Aarte géifen ausstierwen. Nieft dem kompletten Ausstig aus de fossillen Energien missten d'Adaptatiounsstratgien nach vill méi wéi bis elo ausgeschafft ginn.

Wann déi global Temperatur ëm zwee Grad klëmmt, wäerten d'Ernierungskette weltwäit zesummebriechen, sou de Weltklimarot a sengem Rapport. "Sou gesinn geet et bei der Klimafro ëm d'Iwwerliewe vun der Mënschheet", sou den Andrew Ferrone am 100,7-Interview. Hie vertrëtt Lëtzebuerg an deem IPCC.

D'Zäitfënster fir sech unzepasse gëtt ëmmer méi kleng

Ouni e konsequent Handele kéint et sinn, datt de Planéit d'Mënschen, déi op ëm liewen, iergendwann net méi méi ernäert kritt. D'Zäitfënster, fir ze reagéieren, géif ëmmer méi zou goen, sou den Andrew Ferrone. An zwar an engem duebele Sënn. Et wier engersäits wichteg, datt d'Treibhausgas-Emissiounen erofgesat ginn, fir de Klimawandel ze begrenzen, wa méiglech op 1,5 Grad. Op der anerer Säit géif d'Fënster ëmmer méi kleng ginn, fir sech un de Klimawandel unzepassen an eng klima-resilient an nohalteg Entwécklung ze maachen, sou den Andrew Ferrone.

Och d'Drénkwaasser wier ee vun de krittesche Punkten. Besonnesch Regiounen déi vu Gletscheren ofhängeg waren (déi zum Deel scho geschmolt sinn) wiere betraff. Déi Regiounen an deenen et Probleemer mat der Drénkwaasserversuergung wäert ginn, wäerte sech am Zenario vun neger globaler Äerderwiermung vun 1,5 Grad ausbreeden. Bei enger Erwiermung vun 2 Grad kéint et souguer sinn, datt an Europa en Drëttel vun der Populatioun keen Zougang zu propperen Drénkwaasser méi wäert hunn.

"En Atlas vum mënschleche Leed a politesche Versoen"

De Rapport huet déi Kéier méi speziell den Impakt vum Klimawandel op de Mënsch an op d'Biodiversitéit analyséiert, an e léisst do keen Zweiwel. De Klimawandel huet elo schonn e katastrophalen Impakt op ganz vill Mënschen, an do ganz speziell op déi vulnerabel.

"Ech hu vill Rapporte gesinn, awer nach ni esou een wéi den heiten. Et ass en Atlas vum mënschlechem Leed an vum politesche Versoen", sou den UN Generalsekretär Antonio Guterres.