Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Marina Allen - Red Cloud

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ankara riskéiert onnëtze NATO-Konflikt

Auslandschronik

Ankara riskéiert onnëtze NATO-Konflikt

Zënter enger gudder Woch kämpft d'tierkescht Militär am Nordweste vu Syrien géint d'Kurden. Allerdéngs riicht sech d'Avance och géint d'USA, well si déi kurdesch Milizen ënnerstëtzen. Gi sech déi zwee Länner net eens, kéint et zu enger Konfrontatioun tëscht den zwee NATO-Partner kommen. Dem Iran a Russland spillt deen Zeenario an d'Hänn.

auto_stories

3 min

Matthias Kirsch

Enn 2017 hat et ausgesinn, wéi wann de Syrien-Konflikt kéint op en Enn zougoen. De sougenannten Islamesche Staat hat seng Héichbuerg Rakka verluer, déi syresch Oppositioun sech op nei Verhandlungen agelooss an de Wladimir Putin sech fir eng Léisung virun de russesche Presidentschaftswahle staark gemaach. Mam Amarsch vun der Tierkei a Syrien kéint déi Hoffnung nees futtigemaach sinn.

Zënter datt den IS u Stäerkt verléiert, offebare sech déi geostrategesch Interêten vun de grousse regionale Spiller ëmmer méi. Den aktuelle Konflikt kéint den Ufank vum sougenannte "Krich nom Islamesche Staat" sinn. Well obwuel d'Tierkei sech géint de syresche President Al-Assad asetzt a mat der Anti-IS-Koalitioun géint d'Terroriste kämpft, sinn d'Kurde nach ëmmer hiren Haaptfeind . Ëm all Präis wëll Ankara den Opbau vun engem autonome kurdesche Staat verhënneren.

USA ënnerstëtzen d'Kurden

Den aktuelle Konflikt gouf awer guer net vun de Kurde selwer, mä éischter vun den USA ausgeléist. Ufank Januar huet Washington ugekënnegt kurdesch Milizen an eng vun den USA koordinéiert Buedemtrupp z'integréieren. Sou géifen d'USA d'Kurde weider arméieren, a gläichzäiteg hir dauerhaft Präsenz a Syrien festegen. Dat gefält der Tierkei net. Bis elo kämpfen Tierken a Kurden an der Regioun Afrin, duerno wëll d'Arméi bis an déi kurdesch Stad Manbidsch virréckelen. Well do awer US-Truppe stationéiert sinn, kéint et zu engem Konflikt vun zwee NATO-Partner kommen.

An de leschten Deeg hunn d'USA probéiert den Erdogan ze berouegen. Et wéilt ee sech net an d'Kämpf bei Afrin amëschen, an och déi gemeinsam Trupp mat de Kurden wier keng Gefor fir d'Tierkei. Um Konflikt tëscht béide Länner dierft dat näischt änneren, Ankara fuerdert nämlech de Stopp vun all amerikanescher Hëllef un d'Kurden. Dee Stopp wäerten se net erreechen, d'Amerikaner brauchen déi kurdesch Hëllef fir hir Syrien-Strategie ofzesécheren.

Wie profitéiert vu NATO-Sträit?

Déi aner grouss Spiller am Konflikt, Russland an den Iran, dierften sech allerdéngs freeën iwwert d'Streidereien tëscht Ankara a Washington. Zwar kämpft Moskau op verschiddene Plazen géint genau déi oppositionell Rebellen, déi elo op Säite vun der Tierkei stinn - mä a Syrien gëllt fir Russland virun allem: Wat schlecht ass fir d'USA, ass gutt fir eis. A vill méi schlecht wei e NATO-interne Konflikt kann et bal net ginn. Dem Iran, dee fäert datt d'Anti-Iran-Politik vum Donald Trump kéint eskaléieren, geet et ähnlech.

Wéi et a Syrien weidergeet, ass onméiglech ze soen. Déi däitsch Wochenzeitung DIE ZEIT schreift dozou, Zukunftsprognosen géife sech verbidden an engem Krich, an deem d'Allianzen sou onberechenbar si wei a Syrien. Eng Zukunftsprognose, nämlech de schlëmmste Fall - e Konflikt tëscht USA an Tierkei - sollte béid Länner op alle Fall probéieren ze verhënneren. Weder Ankara nach Washington kënnen dat wëllen. A profitéieren dovunner géif just den Assad - deen kéint sengem Zil, Territoire zréckzehuelen, dann ongestéiert nogoen.