Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dialog a Geschäfter

Mënscherechter

Dialog a Geschäfter

D'Anne Brasseur ass just aus dem Iran zréck, wou se mat enger Delegatioun vun der Lëtzebuerger Chamber war. Dat zum historeschen Zäitpunkt, wou déi international Wirtschaftssanktioune géint den Iran opgehuewe gi sinn. D'Mënscherechtssituatioun wier nach ëmmer problematesch, sou d'DP-Deputéiert am Interview mam Mick Entringer.

Pia Oppel

auto_stories

3 min

Ënnert dem iranesche President Hassan Rohani, deen als moderat gëllt, gouf et nees méi Exekutiounen. Och wann et e politeschen Accord mam Iran gëtt, dierft een sech näischt virmaachen, d’Situatioun vun de Mënscherechter am Iran wär schlecht, seet dozou d’Anne Brasseur. Et misst een och wëssen, datt een et hei mat engem anere Kulturkrees ze dinn huet, an datt een net kuerzfristeg kéint soen: “Elo ass alles an der Rei, a mir geheien eis Bedenke vu virdrun iwwert d’Schëller”. Den Net-Respekt vun de Mënscherechter soll een esou uprangeren, datt een am Dialog bleift. Do wär der Anne Brasseur no, déi parlamentaresch Diplomatie immens wichteg.

Déi liberal Politikerin war de Weekend mat enger Delegatioun vun der Chamber op Visite zu Teheran. Der Anne Brasseur no kéint Lëtzebuerg nom Enn vun de Sanktiounen am Beräich Finanze Wirtschaftsrelatioune mam Iran opbauen. “Et muss een do mat Gefill dru goen, a net mengen elo kann een do kuerzfristeg dat grousst Geschäft maachen”, esou D’DP-Deputéiert.

“Den Europarot ass méi wichteg wéi jee”

Der Anne Brasseur hiert Mandat als Presidentin vum der parlamentarescher Versammlung vum Conseil de l’Europe leeft de 25. Januar no zwee Joer aus. Während där Zäit huet Europa vill Krisen erlieft: De Krich an der Ukrain, d’Isolatioun vu Russland, an d'Migratioun aus de Krichsgebitter am Mëttleren Osten. D’Anne Brasseur gëtt zou, datt den Europarot d’Relatioun mat Russland net konnt verbesseren, an de Konflikt tëscht Russland an der Ukrain och net konnt léisen. “Et soll ee sech net iwwerschätzen”. Mee ouni den Europarot géif d’Ukrain et net packen, seet déi liberal Politikerin. Russland hat no der Interventioun an der Ukrain d’Stëmmrecht am Europarot ewech geholl kritt.

D’”No Hate” Campagne vum Europarot fir Toleranz, wär wichteg fir eng rout Linn ze zeien an net de Rietspopulisteschen d’Feld ze iwwerloossen, seet d’Anne Brasseur.” Net de Migrant ass eng Gefor fir Europa, mee de Rietspopulismus”. Déi wirtschaftlech Hannergrënn vum Rietspopulismus an Europa, huet d'Anne Brasseur op Nofro hinn net weider kommentéiert.

A grad well an Europa d’Rechtsstaatlechkeet an d’Mënscherechter ënner Drock stinn, wier den Europarot als Institutioun immens wichteg: Seng 47 Memberstaaten hunn déi europäesch Mënscherechtskonventioun ratifizéiert, sou dass d'Bierger kënne virum Mënscherechtsgeriicht zu Stroossbuerg kloen.