Radioen

On air

De Moien  |  D'Marie Capesius ass d'Laureatin vun der CNA-Bourse

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ännerungen um CovidCheck

Covid-Gesetz

Ännerungen um CovidCheck

Am neie Covid-Gesetz ginn et Ännerungen um CovidCheck: Schnelltester op der Plaz falen ewech, zertifiéiert Schnelltester solle weider erlaabt sinn.

auto_stories

2 min

Zertifiéiert Schnelltester wäerten an Zukunft just nach vu medezineschem Personal zertifiéiert ginn. Beamten an Employéë kënnen dat an Zukunft net méi maachen. Eng Ausnam gëtt et fir an de Schoulen, Alters- a Fleegeheemer, grad ewéi an de Spideeler.

Weider wäert ee fir de Banneberäich vun der Horeca ee CovidCheck brauchen, also entweder geimpft, geheelt, oder getest sinn. Op der Terrass brauch ee keen Zertifikat. Dës Mesurë sollen eréischt vum 1. November u gëllen.

CovidCheck gëtt obligatoresch fir Banneberäich vun Horeca

Vum 19. Oktober u wäert de CovidCheck-Regime vun 12 Joer u gëllen. Kanner ënner 12, déi nach net geimpft kënne ginn, wäerten also keen Zertifikat brauche fir beispillsweis an de Restaurant ze goen. Bis zu 2.000 Leit kënnen u Rassemblementer ënner dem CovidCheck-Regime Deel huelen, fir gréisser Evenementer kann ee bei der Santé e sanitäert Konzept presentéieren.

Op der Aarbechtsplaz soll et an Zukunft méiglech si CovidCheck anzeféieren, wann ee Betrib dat wëllt. Hei muss awer net dat ganzt Gebai betraff sinn - de CovidCheck kann och just eenzel Raim betreffen. Do, wou kee CovidCheck agefouert gëtt, gëlle weiderhin Mesuren, wéi ënner anerem d'Droe vun der Mask.

Impfzertifikater aus Drëttstaate sollen an Zukunft zu Lëtzebuerg erlaabt ginn, virausgesat den agesaten Impfstoff ass vun der Weltgesondheetsorganisatioun unerkannt.

Impfzentere ginn erëm op

D'Impfcampagne géif den Ament stagnéieren, huet d'Paulette Lenert ënnerstrach. D'Regierung huet sech als Zil en Impftaux vun 80 bis 85 Prozent gesat - da kéint een d'Mesuren erëm ophiewen. Aktuell sinn 73,8 Prozent vun de Leit hei am Land iwwer 12 Joer komplett geimpft.

Datt méi Leit sech impfe kënne loossen, wäerten de 16. Oktober den Impfzenter zu Esch/Belval an zu Ettelbréck erëm opgoen, dat bis de 16. Dezember. Parallel dozou huet den Haut-commissaire à la protection nationale sech mat deene Gemengen a Kontakt gesat, bei deenen den Impftaux besonnesch niddreg ass, fir no Léisungen ze sichen.