Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Anouk Boever-Thill als nei Presidentin gewielt

Pro-Sud

Anouk Boever-Thill als nei Presidentin gewielt

D'Anouk Boever-Thill gouf als nei Presidentin vum Gemengesyndicat PRO-SUD gewielt. D'CSV-Conseillère vu Monnerech huet sech am geheime Vott an der Comitésreunioun zu Esch géint den LSAP-Buergermeeschter vun Diddeleng a fréiere President vum PRO-SUD Dan Biancalana duerchgesat.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


Domat huet de Syndikat eng éischte Kéier eng CSV-Politikerin un der Spëtzt. D'Anouk Boever-Thill gëtt Nofollgerin vum fréiere grénge Buergermeeschter vun Déifferdeng Roberto Traversini, deen och beim PRO-SUD demissionéiert hat. D'Wiel vum Roberto Traversini Ufank 2018 als PRO-SUD-President war als politesche Coup vun CSV an déi gréng beschriwwe ginn.

"Eng enorm Chance"

Presidentin vum Gemengesyndikat PRO-SUD ze ginn, dat wier fir si eng "enorm Chance", esou d'CSV-Politikerin Anouk Boever-Thill an enger éischter Reaktioun. Hir Kandidatur hätt si sech awer ganz laang a grëndlech iwwerluecht.

Si wier a kengem Schäfferot a kéint sech fir zu 100 Prozent op déi Tâche konzentréieren. "De Virdeel, datt ech aus enger klenger Gemeng kommen ass dann eben och, datt ech villäicht net déi Interessekonflikter hunn, déi een Anere villäicht huet

Hier Prioritéit als nei Presidentin wier et, datt de Syndikat PRO-SUD erëm eng besser Visibilitéit kritt, esou d'Anouk Boever-Thill, an datt all Gemeng sech am PRO-SUD géif erëmfannen. "Do hoffen ech elo op d'Vertraue vun de Gemengen an op eng gutt Zesummenaarbecht."

Member vum Syndicat PRO-SUD sinn eelef Süd-Gemenge mat enger Gesamt-Populatioun vun iwwer 170.000 Awunner. Gegrënnt gouf de Syndikat am Joer 2003.