Radioen

On air

Notturno  |  Franco Battiato - Centro Di Gravità Permanente - Remastered 2021

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Anti-Le Pen ass net automatesch pro-Macron

Franséisch Presidentiellen

Anti-Le Pen ass net automatesch pro-Macron

De leschte Sondage vun Ipsos Sopra Steria huet de Freideg virausgesot, datt de liberalen Emmanuel Macron am zweeten Tour vun de Presidentewahlen 63 Prozent vun de Stëmme kréich, déi rietsextrem Marine Le Pen 37 Prozent. Mä de liberale Kandidat genéisst net sou vill Sympathien, wéi e wäert Stëmme kréien.

auto_stories

3 min

Zu Paräis gëtt traditionell manner "Front National" gewielt, wéi op anere Plazen uechter d'Land. Dat heescht awer net, datt dofir bal jiddereen aus Iwwerzeegung den Emmanuel Macron wielt. Et géif een den Emmanuel Macron wielen, fir de Front National ze bekämpfen, mä de Choix an dësem zweeten Tour wier net iwwerzeegend, huet et um Sonndeg Moie vu ville Wieler am 13. Arrondissement vu Paräis geheescht.

"Et ass ee Choix tëscht Pescht a Cholera", seet eng Fra, déi am soziale Beräich schafft.

Wahl géint de Rietsextremismus

An de leschten 43 Joer sinn am zweeten Tour vun de Presidentiellë méi Leit wiele gaangen, wéi am éischten Tour. Dëst Joer hu sech awer scho vill Wieler vum "Parti Socialiste", vu "Les Républicains" a vun der "France Insoumise" dofir ausgeschwat, léiwer keng Stëmm ofzeginn.

D'Julia, Mamm vun zwee Kanner, ass awer iwwerzeegt, datt et grad dëst Joer wichteg ass, géint de Rietsextremismus ze wielen:

"2002, Le Pen géint Chirac, do hunn ech net gewielt. Mä 2017 ass d'Ambiance anescht. Den Discours vum Marine Le Pen huet sech banaliséiert. Dofir wielen ech dëst Joer den Emmanuel Macron".

Am éischten Tour krut déi rietsextrem Marine Le Pen 21 Prozent vun de Stëmmen, de liberalen Emmanuel Macron 24 Prozent. Hie misst sech bewosst sinn, datt vill Leit net fir dem liberale Kandidat säi Programm stëmmen, mä einfach well si keen anere Choix hunn, esou ee Student, deen am éischten Tour fir de Jean-Luc Mélenchon a seng "France Insoumise" gestëmmt huet. Wann den Emmanuel Macron President gëtt, misst hie sech ville Wieler upassen.

Parlamentswahlen

Am Juni sinn d'Parlamentswahlen. Da ginn d'Kaarten an der Assemblée Nationale nei gemëscht. Dat wieren déi méi wichteg Wahlen, esou eng Doktesch, déi, nodeems si haut den Emmanuel Macron gewielt huet, nees "zréck a mäi Camp" wäert goen.

D'Christine an d'Marie sinn zwou vun de rare Wielerinnen am 13. Arrondissement, déi dem radio 100,7 soten, si hätten aus Iwwerzeegung fir den Emmanuel Macron gestëmmt hunn. "Mir hu schonn am éischten Tour fir En Marche gestëmmt. Mir si fir Europa, a fir d'Oppenheet”.

Um 20 Auer, wann och déi lescht Wahlbureauen zu Paräis hir Dieren zougemaach hunn, publizéieren déi franséisch Medien déi éischt Schätzungen iwwer d'Wahlresultat.