Radioen

On air

One World  |  Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Antibiotiquë si keng Kamellen"

Aktiounsplang

"Antibiotiquë si keng Kamellen"

De Mëssbrauch vun Antibiotiquë ka geféierlech ginn, wëll Bakterie resistent ginn. All Joer stierwen Europawäit 25.000 Persounen wéinst deene resistente Bakterien. Fir deem entgéint ze wierken huet de Gesondheetsministère zesumme mam Landwirtschaftsministère een Antibiotiquen-Aktiounsplang fir d'Period 2018-2022 ausgeschafft.

auto_stories

4 min

D'Gesondheetsministesch schwätzt vun enger Noutsituatioun. Antibiotiquë sinn ee Wonnermëttel géint geféierlech Bakterien, a kënnen och bei schwéiere Krankheeten agesat ginn. Während enger Chemotherapie, Operatiounen oder bei enger Organtransplantatioun zum Beispill.

Krankheete wéi d'Meningite oder d'Tuberkulos konnte mat Hëllef vun den Antibiotiquë bekämpft ginn. Wann déi Antibiotiquen awer net méi gräifen, well d'Bakterie resistent ginn, da kann een deene Patiente net méi hëllefen. Dowéinst wier et wichteg Antibiotiquë richteg anzesetzen.

Am Grand-Duché läit de Konsum vun Antibiotiquen iwwert der europäescher Moyenne. De Gesondheetsministère mécht zënter Joren Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne mam Slogan "Antibiotiquë si keng Kamellen". Iwwer déi lescht zwee Joer wier de Verbrauch vun Antibiotiquen am ambulante Beräich ëm siwe Prozent zeréckgaangen, seet d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch. Dëse Beräich wier besonnesch wichteg, well en 93 Prozent vun der Gesamtkonsommatioun vun den Antibiotiquen ausmaache géing.

Sensibiliséierung

Prioritär Beräicher vum Aktiounsplang, sinn d'Kommunikatioun, d'Präventioun, d'Educatioun, den Traitement, d'Diagnostik, d'Iwwerwaachung an d'Recherche.

Mat dësem Aktiounsplang fir d'Joren 2018-2022 wëllen Gesondheets- an de Landwirtschaftsministère zesumme mat allen Acteuren schaffen. D'Bierger, d'Dokteren, déi Professionell vun der Santé, mä och d'Apdikter, d'Baueren an d'Veterinäre missten uerdentlech informéiert ginn. Wann een d'Effikassitéit vun Antibiotiquë wéilt erhalen, da misst een ëmdenken, seet d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch.

Antibiotiquen hu Limitten

Een Antibiotique ass effikass géint Bakterien. Vill Leit wiere sech net bewosst, datt een Antibiotique am Fall vun engem Virus, enger Grippe, enger Angine, engem Houscht oder engem Schnapp net wierkt.

Vill Doktere géifen hir Patienten ëmmer nees dorop opmierksam maachen, et wier awer nach ëmmer schwéier, fir d'Patienten dovun z'iwwerzeegen.

Richtegen Asaz vun Antibiotiken

Fir ze verhënneren datt Bakterien resistent ginn, soll een och d'Dauer vum Traitement anhalen. Wann een ze fréi domat ophält, well ee sech besser fillt, da riskéiert d'Bakterie, déi nach present ass eng Resistenz opzebauen.

Spideeler benotzen ganz um Ufank vum Traitement dacks Antibiotiquen mat engem breede Spektrum. No der Diagnose gëtt dat spezifescht Medikament dann agesat.

Et misst een ëmmer insistéieren, datt d'Dokteren déi Vereinfachung vun der Therapie maachen, seet den Direkter vun der Santé. Et géing awer keen Dokter wëllentlech ze vill breet Antibiotike verschriwwen. D'Doktere wieren wier dacks onsécher, fir den Dosage ze reduzéieren. Et misst een d'Dokteren encouragéieren, sech no spéitstens 48 Stonnen d'Fro ze stellen, ob eng Reduktioun d'Saach net géing vereinfachen, sou de Jean-Claude Schmit.

Beispillhaften Ëmgang mat Antibiotiquen

An de skandinavesche Länner an an Holland géif momentan am beschten opgepasst ginn, datt resistent Bakterien net an d'Spidol erakomen, seet den Dokter Jean-Claude Schmit.

An dëse Länner géif et strikt Reegele beim Transfert vu Patiente ginn, fir keng multiresistent Keimer a Kliniken anzeschleefen, seet de Jean-Claude Schmit.

"Dir kommt zum Beispill aus Indien an dir sidd krank. Wann dir dann an eng hollännesch Klinik wëllt erakommen, da kommt dir fir d'éischt an een Isolatiounsraum." Eréicht wa nogewisen ass, datt ee keng multiresistent Keimen u sech huet, gëtt een an e normaalt Spidol transferéiert.

Antibiotiquen ginn awer net nëmmen an der Medezin agesat, mä och am Beräich vun der Véizuucht. Och an dëse Beräicher soll den Aktiounsplang gräifen.

Asaz vun Antibiotiquen an der Véizuucht

D'Präventioun bei de Notzdéieren ass awer an deem Sënn ganz wichteg. Et gëtt och bei den Déieren dru geschafft fir manner Breetband-Antibiotiquen anzesetzen, seet de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen.

Fir sécher ze stellen datt an der Veterinärmedezin dee richtegen Antibiotique an där adequater Quantitéit agesat gëtt, misst der Behandlung ee korrekten Diagnostik viraus goen. Dëse misst vun engem Veterinär gemaach ginn, dee sech dobäi op eventuell Laboratoiresanalysen ka beruffen. Dëst wier ee Beräich dee Lëtzebuerg an de nächste Jore ganz staark wéilt weiderentwéckelen, sou de Landwirtschaftsminister.

An der Véizuucht ginn d'Antibiotiquen zu Lëtzebuerg vill manner agesat wéi am Recht vun der EU, seet de Félix Wildschütz, Direkter vun der Veterinairesinspektioun.

Haaptsächlech an der Kälwermaascht, an der Pouletsziichterei an an der Aquakultur géife gréisser Quantitéiten un Antibiotiquen agesat ginn, seet de Félix Wildschütz vun der Veterinärsinspektioun. Och an der Schwéngsproduktioun, wier den Asaz relativ héich.

Och den Ëmgang mat Déieren déi Antibiotique kruten, ass geregelt, fir ze verhënneren datt de Mënsch beim Konsum vu Mëllech oder Fleesch där Medikamenter consomméieren.

Liewensmëttel déi baussent der EU verschafft goufen, sollen deene selwechte Regelen ënnerleien. Gewosst ass awer datt verschidden Ziichtereien am asiatesche Raum massiv Antibiotike asetzen. Och an den USA ginn déi Medikamenter an den Ziichtereien agesat.