An der CON-VINCE-Studie, déi vun Abrëll 2020 bis Enn Juni 2020 gemaach ginn ass, war een Taux de positivité vun 3 Prozent bei der Populatioun festgestallt ginn. D'Paulette Lenert nennt als Ursaach fir dës Hausse vun Antikierper déi héich Zuel un Neiinfektiounen an de leschte Méint.
Héichgerechent géif dat bedeiten, datt eng 44.000 Leit am Land scho Kontakt mam Virus haten. Dat wier och koherent mat de positiven Testresultater: bis den 13. Januar wieren 48.486 Leit positiv op de Coronavirus getest ginn. D'Paulette Lenert geet dovunner aus, datt d'Donkelziffer deemno relativ kleng wier:
"Wann een dovun ausgeet, dass eng Rei Leit keng Antikierper produzéieren oder eben no enger Infektioun schnell d'Antikierper verléieren, géing dat heeschen dass mir vill vun de Persoune getest hunn déi och infizéiert waren, an domat eng relativ kleng Donkelziffer bei den Diagnosen hunn."
Am Dezember hat den Dokter Thomas Dentzer, Virolog a Responsabele fir Covid-19-Tester bei der Santé am 100,7-Interview vu 7 Prozent geschwat. Zu deem Zäitpunkt haten allerdéngs just 400 Leit en Antikierper-Test gemaach.