Radioen

On air

Kultur um 5  |  Lëtzebuerger Literatur am Ausland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Antisemitismus betrëfft déi ganz Populatioun, net just d'Judden"

Diskriminatioun

"Antisemitismus betrëfft déi ganz Populatioun, net just d'Judden"

An Däitschland Antisemitismus bekämpfen a jiddescht Liewen do fërderen, dat ass dem Felix Klein seng Missioun. Bal annerhalleft Joer ass hien den "Antisemitismusbeauftragte" vun der däitscher Regierung. Am Gespréich geet hien op déi ëmmer méi grouss Zuel vun antisemiteschen Tëschefäll an déi verschidde Forme vu Juddenhaass an.

auto_stories

3 min

D'Politik hätt an Däitschland agesinn, datt d'Moossname géint den Antisemitismus aus de leschte Joerzéngten net géifen duer goen. Fir d'Mesuren an Zukunft ze koordinéieren, fir an déi politesch Debatt anzegräifen an Antisemitismus méi visibel ze maache wier de Poste vum "Beauftragte der Bundesregierung für jüdisches Leben in Deutschland und den Kampf gegen Antisemitismus" geschaaft ginn, sou de Felix Klein am 100,7-Interview. Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner (IPW) war hien dës Woch hei zu Lëtzebuerg.

De Gedanken hannert där neier Institutioun: de Problem vum Antisemitismus géif déi ganz Populatioun betreffen, net just d'Judden. Am Januar 2018 hat den däitsche Bundestag de Poste beschloss, am Mee dat selwecht Joer hat de Felix Klein seng nei Funktioun ugetrueden. Ugesidelt ass den "Antisemitismusbeauftrage" vun der Bundesregierung am Inneministère. Nieft de sëllechen Instrumenter, déi hie fir seng Missioun zur Verfügung gestallt kritt, kann de Beruffsdiplomat op seng Erfarung am däitschen Ausseministère opbauen. Do war hie schonn zënter 2014 fir de Kontakt mat jiddeschen Organisatiounen zoustänneg.

Méi Aggessivitéit géint Judden an Däitschland

Fir Polemik hat de Felix Klein am Mee dëst Joer gesuergt, wéi hie Judden ofgeroden hat, op verschiddene Plazen an Däitschland eng Kippa unzedoen. "Ich wollte damit aufrütteln, einen Weckruf starten". Wéi déi lescht Joreszuelen iwwer antisemitesch motivéiert Strofdote verëffentlecht gi waren (+20% am Joer 2018 obwuel d'Kriminalitéit allgemeng gefall wier) hätt hien indignéiert Reaktiounen an der Gesellschaft vermësst gehat.

Ugrëff op Judde goufen et an Däitschland ëmmer schonn, a leschter Zäit si se awer méi aggressiv ginn, erkläert de Felix Klein. Affer géifen awer och méi dacks Plaintë maachen, wat de Phenomen méi visibel géif maachen. Viru kuerzem huet den héije Beamten eng Verschäerfung vum Gesetz am Fall vun antisemitesche Strofdote gefuerdert. Esou eng Verschäerfung gouf et rezent bei friemefeindlech motivéierte Strofdoten. Antisemitismus wier awer eng spezifesch Form vun Diskriminatioun - de Felix Klein verweist op d'Definitioun vun der International Holocaust Remembrance Alliance (IHRA), déi Lëtzebuerg iwwregens zënter Mäerz presidéiert.

"Keng Aschränkung vun der Meenungsfräiheet"

De Comité pour une paix juste au Proche-Orient, eng Lëtzebuerger a.s.b.l., geheit dem Felix Klein fir, ze versichen, "Kritik un Israel an Antisemitismus" mateneen ze vermëschen. Dat wier ënner Ëmstänn ee Verstouss géint ee "gesond demokratescht Liewen", an och de Kampf géint antisemitesch Viruerteeler kéint a Gefor geroden. "Natürlich ist die Meinungsfreiheit ein hohes Gut, aber sie hat auch ihre Grenzen", äntwert de Felix Klein. An Däitschland kéint ee jo och fir d'Negatioun vum Holocaust bestrooft ginn. "Meinungsfreiheit endet wenn Hetze passiert und gegen den gesellschaftlichen Zesummenhalt in massiver Weise verstoβen wird".

Den Haass op Judden hätt verschidde Facetten, sou de Felix Klein. Et géif rietsen (rassesch motivéierten), lénken ("Israelkritik", déi d'Existenzrecht vum Staat Israel a Fro stellt), islamisteschen Antisemitismus ginn. "Und dann gibt es leider auch - sehr verbreitet - einen Antisemitismus in der Mitte der Gesellschaft. Der äussert sich über Vorurteile gegenüber Juden, macht Juden dafür verantwortlich, was die israelische Regierung tut. Es ist sehr schwierig dagegen anzugehen".

Ursaache vum Antisemitismus

Als Ursaache fir d'Gewalt géint Judden nennt den "Antisemitismusbeauftragte" d'Situatioun am Noen Osten, fir déi d'Judden am allgemenge verantwortlech gemaach géife ginn, an ee méi graffen Toun op de soziale Medien. An déi méi prekär sozio-ekonomesch Situatioun, fir déi d'Judden als Sënnebéck mussen hinhalen ? Dem Felix Klein no gëtt et vill Täter aus gebilten däitsche Familljen an, am Fall vun Auslänner, aus Familljen, déi schonn zënter méi Generatiounen an Däitschland liewen - also keng rezent Flüchtlingen.

Des weidere wéisste vill Schüler net wat mam Wuert "Auschwitz" unzefänken. Mat der däitscher Geschicht misst sech deemno weider ausernee gesat ginn. Et misst een och Forme vun der Erënnerung fannen, déi Jonker uschwätzt, och déijéineg mat "Migratiounshannergrond".