Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Anything goes?

Wirtschaftschronik

Anything goes?

Krypto-Währungen, wéi Bitcoin oder Ethereum, lackele mat héich spekulativen Investitiouns-Méiglechkeeten. De Risiko dobäi ass awer extrem héich, well et gëtt hei ganz wéineg Regulatioun, déi fir eng Protektioun vum Investisseur géing suergen.

auto_stories

3 min

Geld zitt un - gutt Zäitgenossen, déi honorabele Business maachen; a schlechter, déi an der Reegel wëlle méi séier zu Geld kommen.

Geld als legaalt Zahlungsmëttel gëtt, vereinfacht gesot, vun den Zentralbanke verwalt, mat hire spezifesche Missiounen. Zum Beispill, fir d'Geldwäertstabilitéit z'assuréieren. Fir datt een Euro och muer nach een Euro ass, an net op eemol nëmme méi en hallwen.

Dohannert ass Geld awer eng elaboréiert Fiktioun. En Honnert Euro-Schäin ass jo per se keng 100 Euro wäert, mä ass eng Créance vun Honnert Euro vis-à-vis vun enger Zentralbank. Dat mécht de Währungssystem zolidd a gëtt him Sécherheet.

Neien Universum

A la Marge vum traditionelle Währungssystem si rezent eng Serie vun alternative Währungen entstanen, ënner anerem Krypto-Währunge wéi Bitcoins oder Ethereum an anerer. Dëst ass e ganz dynameschen neien Universum.

De Wäert vun engem Bitcoin läit haut bei circa 5.000 US Dollar, gutt siwe Mol méi wéi nach virun engem Joer. Eenzel Regulateuren zécken net, dës Krypto-Währunge mat engem Ponzi-System ze vergläichen, deen iergendwann a sech zesummefält.

Krypto-Währunge sinn och Vehikele vun der Spekulatioun ginn. Well et gëtt hei wéineg Regulatioun. An dat schaaft mëttlerweil déck Kappzerbrieches.

Ganz rezent hunn elo am Ausland verschidde Finanz-Regulateuren ugefaangen ze reagéieren.

Initial Coin Offerings

Besonnesch am Kräizfeier sinn ICOs, sougenannten initial coin offerings, mat deene Startup-Gesellschafte sech neierdéngs gär finanzéieren. De Mechanismus ass frësch, onkomplizéiert, rapid - an och extrem riskant fir den Investisseur.

ICO ass inspiréiert vum Terme IPO. IPO steet fir initial public offering, dat ass wann eng Gesellschaft op d'Bourse geet, an hiert Kapital opmécht fir nei Investisseuren, déi sech an d'Firma akafen an Aktionär an domat Mat-Proprietär vun der Firma ginn.

En IPO ass e grujeleg komplexe Prozess, mat "due diligence", wou Bankeren an Experten all Detail ënnersichen, wou extensiv Dokumentatioun produzéiert gëtt, wou den neien Aktionären am Detail erkläert gëtt, wat d'Geschäft vun der Firma ass, wat d'Ëmfeld ass, a wat d'Risike sinn. Eng Entreprise, déi op d'Bourse geet, gëtt schounungslos transparent gemaach. D'Logik hannendrun ass, datt Leit, déi an Aktien investéieren, solle protegéiert ginn.

Wie sech par konter wëllt iwwer eng initial coin offering finanzéieren, ass vun esou detailléierter Viraarbecht dispenséiert. Hei brauch et, wann iwwerhaapt, nëmmen e Minimum vun Informatioun iwwer d'Aktivitéit, déi do soll finanzéiert ginn.

Dobäi gëtt hei net mat klengen Zomme geschafft. Bei ICOe koum bis elo dëst Joer laut der Financial Times e Volume vun 1,8 Milliarden USD zesummen, dovu 400 Milliounen eleng a China.

Regulateure ginn nervös

Kee Wonner also datt d'Regulateuren nervös ginn an ugefaangen hunn, Warnungen ze formuléieren. An der Londoner City huet d'Financial Conduct Authority virun de Gefore vun esou Investitioune gewarnt.

Am Telegramm-Stil: Si sinn net reguléiert, et gëtt en héije Bedruch-Risiko, Dokumentatioun ass dacks net existent oder ierféierend, Valorisatioune schwanke wëll a kënne spekulativ beaflosst ginn. Aner Regulateuren an den USA, zu Hong Kong an zu Singapur hunn ähnlech Klacke gelaut.

China ass elo nach e Schratt méi wäit gaangen an huet ICOs tout court verbueden. A mécht par ailleurs Plattforme fir den Echange vu Krypto-Währunge wéi Bitcoin a Co zou - ugefaange gouf elo zu Beijing a Shanghai.

Den implizitte gudde Rot hei dran: Halt et mam Warren Buffett. Hien ass ee vun de räichste Leit op der Welt, an hien hat mat sengen Investitiounen enorm vill Succès. Seng Maxim ass: Investéier ni an e Business, deen s Du net verstees.