Radioen

On air

Tockcity  |  Daniel Avery - Wonderland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Apdikten: Schnelltester vun nächster Woch un

Pandemie

Apdikten: Schnelltester vun nächster Woch un

An 62 vun den 98 Apdikten hei am Land wäert ee sech vun der nächster Woch un e Covid-Schnelltest kënne maache loossen. Dat huet den Apdiktesch-Syndikat eis op Nofro hi matgedeelt. D'Lëscht vun den Apdikten, déi matmaachen, wäert haut am Laf vum Dag op pharmacie.lu publizéiert ginn. Et ass net ausgeschloss, datt nach weider Apdikte sech der Initiativ méi spéit uschléissen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Déi nei Méiglechkeet fir sech testen ze loossen huet, par Rapport zum Selbsttest, ee grousse Virdeel: et kritt een e Certificat, deen engem verschidden Dieren opmaache kann.

D'Dier fir an e Restaurant zum Beispill, wann dat neit Covid-Gesetz mat sengen neie Reegele bis de 16. Mee a Kraaft trëtt. Oder op anere Plazen, wou en negatiivt Testresultat d'Konditioun ass fir eragelooss ze ginn. Där wäerten et der mat der Zäit jo warscheinlech ëmmer méi ginn. Mee och am Hibléck op d'Rees- a Vakanzesaison ass esou en Dokument interessant:

"Fir déi Länner wou e Schnelltest duergeet, kéint ee sech och mat deem Schnelltest dohinner deplacéieren", erkläert den Alain De Bourcy, de President vum Apdiktesch-Syndikat. Et ass natierlech ganz schwéier viraus ze gesinn, wéi grouss den Undrang wäert sinn: d'Apdikte wëssen net wat op se duerkënnt. Den Alain de Bourcy mengt awer, datt een an enger Stonn ouni Problemer eng hallef Dose Leit getest ka kréien.

Stellt sech nach d'Fro vum Präis: Dee gëtt net virginn, dat heescht all Apdikt ka froe wat se wëll.

"Et ka ganz gutt sinn, datt déi meescht Apdikten e Präis tëscht 25 an 30 Euro froen - 35 Euro schéngt mer scho bal e bësse vill. Ech géif soen e Minimum ass 20 Euro, well wann den Test scho 7,50 Euro kascht, Dir musst eng Händsch hunn, Dir braucht eng FFP2-Mask, Dir musst ofliesen, Dir musst de Certificat ausfëllen ... Fir ënner 20 Euro kënne mer bal net käschtendeckend schaffen."

Op jidde Fall wëllen d'Apdiktere sech net de Reproche gefale loossen, si hätten de Präis extra héich ugesat, fir datt kee kënnt. Dat ass net Sënn vun der Saach, an och net d'Zil seet den Alain de Bourcy.