Radioen

On air

De Moien  |  Nei am Kino

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Appell un d'Europaparlament nach oofzewaarden

Handelsaccord tëschent EU a Vietnam

Appell un d'Europaparlament nach oofzewaarden

Vietnamesesch ONGen appelléieren un d'Europaparlament, den Handelsaccord mat der EU elo net unzehuelen. D'Autoritéiten am Vietnam géifen ëmmer méi haart géint déi Leit virgoen, déi sech fir d'Mënscherechter asetzen, dowéinst sollt een d'Ratifikatioun vum Accord, deen am Juni ënnerschriwwe gouf, u Konditioune knäppen, sou hir Demande. Am Europaparlament ginn d'Meenungen doriwwer auserneen.

auto_stories

4 min

D'Verhandlunge fir de Fräihandelsaccord hätten net dozou geféiert, datt déi vietnamesesch Autoritéite sech méi konkret um Gebitt vun de Mënscherechter engagéiert hunn, schreiwen dës Woch eng 18 ONGen aus dem Vietnam an engem Bréif un d'Europadeputéiert. Zu de Signatairë gehéieren niewent Mënscherechtsorganisatiounen och Journalisten- oder Juristeverbänn.

Mënscherechtssituatioun huet sech verschlechtert

Iwwer d'Situatioun am Land konnte sech eng Partie Parlamentarier déi lescht Woch selwer ee Bild maachen. Si confirméieren: Wat d'Mënscherechter ugeet, huet d'Situatioun sech net verbessert. Am Contraire. De Vietnam ass ganz kloer keng Demokratie, seet d'Karin Karlsbro vun de Liberalen. D'Schwedin war mat der Delegatioun vum Europaparlament zu Hanoi an huet do mat Leit op der Plaz geschwat.

"De Vietnam respektéiert d'Mënscherechter, d'Meenungsfräiheet oder d'Recht op fräi Versammlungen net. Leit ginn agespaart, net well si kriminell sinn, mee just wéinst deem, wat si denken. Am Vietnam gëtt et ëmmer nach d'Doudesstrof, an d'Delegatioun huet an all Reunioun kloer gemaach, dat dat net akzeptabel ass."

Europaparlament spillt decisiv Roll

Den Handelsaccord tëschent dem Vietnam an der EU war schonn 2015 finaliséiert ginn, gouf awer eréischt den 30. Juni dëst Joer ënnerschriwwen. Wéi scho beim Accord mat Singapur gouf och hei den ëmstriddenen Deel vum Investitiouns-Schutz ausgelagert. Doriwwer gëtt et een extra Accord. Just an deem kënnen iwwerdeems déi national Parlamenter, zu Lëtzebuerg also d'Chamber, matschwätzen. Beim eigentlechen Handelsaccord geet et duer, datt d'Europaparlament Jo seet, fir datt en a Kraaft trëtt. Domat spillt d'Parlament hei also eng decisiv Roll.

Domat datt et elo decidéiere muss, ob et den Accord unhëlt, ofleent oder ob d'Decisioun soll reportéiert ginn, huet et d'Méiglechkeet, Drock auszeüben, soen d'ONGen. Där Meenung sinn och verschidden Europadeputéiert.

An der Fro awer, ob een elo den Accord net unhuelen a weider op Engagementer insistéieren oder fir d'éischt Jo soen an da weider Drock maache soll, si sech d'Parlamentarier net eens.

Wann een dësen Deal net unhëlt, dréit dat net dozou bäi, datt d'Situatioun am Land besser gëtt, seet den Jan Zahradil. Den Tschech ass Chef vun der Fraktioun vun de Konservativen a Reformisten.

"Ech denken, mir sollten eis drun erënneren, datt dat heiten an éischter Linn een Handelsaccord ass. Et ass keen Accord iwwer d'Mënscherechter. E kann awer zu enger Verbesserung vun der Situatioun am Land bäidroen an zu engem Wiessel féieren"

Et sollt een éierlech sinn, sou den Zahradil. "Mir wousste vun Ufank un, wéi et am Vietnam ausgesäit an datt d'Land wäit ewech dovun ass, eng Demokratie ze sinn."

Och de Christophe Hansen, Europadeputéierte vun der CSV ass iwwerzeegt, datt den Accord ee wichtege Schratt no vir ass. "Esou een Accord ass kee Foure-tout, wou een all d'Problemer vun der Welt léise kann", seet hien. Fir ee Land wéi de Vietnam wier dësen Accord eng grouss Chance, an déi sollt een ëm ginn, sou de Christophe Hansen.

ONGe kritiséieren den Accord

Déi vietnamesesch ONGe gesi Schwächten am Accord a maachen dorop an hirem Bréif opmierksam. Sou wier zwar ee Monitoring vun der Zivilgesellschaft virgesinn, allerdéngs kéint an der ablécklecher Situatioun keng Organisatioun esou eng Funktioun iwwerhuelen, ouni mat Repercussiounen ze rechnen.

Et géif am Text och op d'Mënscherechter verwisen - allerdéngs wieren déi Kapitele vag formuléiert an et si keng Sanktioune virgesinn, sou d'ONGen.

Si maachen een Appell un d'Europadeputéiert, den Deal elo net unzehuelen. An dorop ze bestoen, datt politesch Prisonéier fräigelooss ginn, de Code pénal geännert, d'Meenungs- an d'Pressefräiheet respektéiert, onofhängeg Gewerkschaften zougelooss ginn an ee Moratoire en Vue vun der Doudesstrof adoptéiert gëtt.

Dat gesäit och een Deel am Parlament esou. Mir mussen d'Zäit elo ausnotzen an Drock maachen, seet déi britesch Labor-Europadeputéiert Jude Kirton-Darling.

"Mir hunn elo eng kuerz Zäit, fir dat ze maachen, a mir mussen déi ausnotzen. Mir hunn eis Bedenken am Vietnam zum Ausdrock bruecht, an ech hoffen, dat se gehéiert goufen."

Vott am Februar virgesinn

Hir Fraktioun, déi vun de Sozialisten, géif just da fir den Accord stëmmen, wann d'Regierung déi entspriechend Schrëtt geholl hätt. Den Zäitplang gesäit vir, datt d'Europaparlament an der zoustänneger Kommissioun Enn Januar an dann am Februar an der Plenière ofstëmmt.

Am Ablack gesäit et net esou aus, wéi wann dee Vott géif reportéiert ginn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.