Radioen

On air

Notturno  |  Dear Nora - Flowers Fading

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aquarius: Wéi reagéiert Europa?

EU-Migratioun

Aquarius: Wéi reagéiert Europa?

De Fall vun der Aquarius suergt fir vill Diskussiounen an der EU. D'Schëff vun den ONG'en SOS Méditérannée a Médecins sans frontières ass elo um Wee fir a Spuenien, nodeems Italien a Malta hir Häfen zougemaach hunn. Dat verstéisst zwar géint international maritim Gesetzer, trotzdem gëtt et dofir Versteesdemech an Zoustëmmung. Virun allem vu riets-extreme Parteien, mee net nëmmen.

auto_stories

5 min

"Victoire! Déi 629 Refugiéen u Bord vun der Aquarius sinn um Wee fir a Spuenien, dat éischt Zil ass erreecht." Dat huet e Méindeg am spéiden Nomëtteg de Matteo Salvini, ee ganz zefriddenen italieneschen Inneminister, iwwer Twitter matgedeelt.

Fir d'Aquarius goung eng Odyssee lass. U Bord iwwer 600 Refugiéen. No enger liewensgeféierlecher Tentativ, iwwer d'Mëttelmier bis an Italien ze kommen, goufe si zwar gerett, waren awer nach laang net a Sécherheet.

De Fait, datt Italien refuséiert huet, d'Refugiéen opzehuelen, huet am Europaparlament ënnerschiddlech Reaktioune provozéiert.

Ska Keller: "Italien verstéisst géint Séirecht"

"Italien verstéisst ganz kloer géint internationaalt Séirecht a géint dat fundamentaalt Mënscherecht, datt ee Mënsche rette muss", stellt d'Cheffin vun deene Gréngen, d'Ska Keller fest.

Kritik kënnt och vun de Sozialisten. "Wéi déif kënne mir nach erofkommen?", freet de Fraktiounschef Udo Bullmann. Datt sech um Enn Spuenien ugebueden huet, d'Refugiéen opzehuelen, huet der EU hien Dignitéit zeréckginn. Vill méi nuancéiert fält d'Reaktioun bei der chrëscht-konsvervativer Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei aus.

"Et ass keng Léisung, Häfen zouzemaachen", seet hire Chef, de Manfred Weber. "Mee mir brauchen eng Léisung dofir, wéi mir mat de Schlepperbanden ëmginn." Hien ass wéi den däitschen Inneminister Horst Seehofer Member vun der bayrescher CSU. Déi huet bekanntlech den Ament ee Konflikt mat der Kanzlerin Angela Merkel doriwwer, wéi restriktiv ee mat Refugiéen ëmgoe soll.

Manfred Weber: "Mir brauchen Hot Spots baussent der EU"

Och de Manfred Weber proposéiert Léisungen, déi bis elo an der EU héchst ëmstridde sinn. Hie proposéiert Hot-Spots, also Centre d'Accueil an de Länner, wou d'Flüchtlingen hierkommen. Do sollt decidéiert ginn, ob si eng Perspektiv an der EU hunn.

Kritiker soen, domat géif een deene Länner, déi vill manner Ressourcë wéi d'EU hunn, nach méi zoumudden, wéi se souwisou schonn ze leeschten hunn. Domat géif Europa d'Asylrecht no baussen, virun d'Diere vun der EU verlageren, et also faktesch ofschafen.

De Manfred Weber seet dozou: "Europa muss eng Balance fannen, tëscht engem kloren an decisive Grenzschutz an op där anerer Säit enger Hëllefsbereetschaft par Rapport zu Mënschen an Nout". Seng Fraktioun géif sech fir Ëmsiidlungs-Programmer asetzen.

Riets Hoffnung op en neit Powerhaus an der EU

De Matteo Salvini schéngt op Leit wéi de Manfred Weber zielen ze kënnen, wann et drëm geet, an der EU een aneren Toun unzeschloen an der Migratiounspolitik.

Regelrecht begeeschtert ass dee méi rietse Bord. De Nicolas Bay vum Front National fënnt, datt mam Matteo Salvini elo endlech een duerchgegraff huet op enger europäescher Grenz. Fir hie féiert eis de Fall Aquarius virun Aen, wéi d'Situatioun am Mëttelmier wierklech ass.

Hie schwätzt vun engem "Chantage mat Mënscherechter". Dovun datt engem fälschlecherweis erkläert géif, datt déi Leit keng aner Chance hunn, wéi an Europa ze kommen. A Wierklechkeet wier eng ze labber Politik Schold un den Doudegen am Mëttelmier.

Fir d'Fraktioun vum Europa vun den Natiounen an der Fräiheet, där de Front National ugehéiert, sinn et ONGe wéi SOS Méditarranée an net Italien, déi illegal handelen. Esou Hëllefsaktioune misste méi däitlech kriminaliséiert ginn, sou d'Fuerderung dës Woch vun där Fraktioun, déi spiert, datt de Wand sech an Europa dréine kéint. Si setzt nieft Ungarn, Polen, der Slowakei an Tschechien op déi nei Regierungen an Italien an an Éisträich.

De Marcel de Graaff vum Geert Wilders senger Partei fir de Fräiheet schwätzt vun engem neie Powerhaus an Europa. "Mir hoffen, datt mir méi Impakt vun dësem neie Powerhaus kréien, fir der Wëllkommens-Strategie vun der däitscher Kanzlerin eppes entgéint ze setzen."

Drock fir eng gemeinsam europäesch Léisung

Am Konflikt Seehofer-Merkel wëllt sech de Manfred Weber iwwerdeems net positionéieren. Et wier ze spieren, datt Migratioun deen dominante Sujet a villen EU-Länner ass. Dowéinst bräicht een eng gemeinsam europäesch Léisung, soss kéint d'EU an d'Bréch goen.

Déi gemeinsam Léisung awer ass wäit ewech. Zanter Méint gi sech d'Länner net eens, doriwwer wéi d'Asylrecht an der EU soll reforméiert ginn an doriwwer, wien dann elo fir d'Refugiéen zoustänneg ass.

Et géif een elo net méi laang nokucken, wéi dee Sujet ëmmer nees opgeschuppt gëtt, seet den Udo Bullmann. Hie verlaangt vun de Memberlänner, datt si sech eens ginn.

D'Parlament hätt eng gutt Basis fir eng Léisung op den Dësch geluecht, sou den Udo Bullmann.

Déi Positioun awer, déi verbindlech Quote fir eng Ëmverdeelung vu Refugiéë bannent der EU virgesäit, ass héich ëmstridden.

D'Europäesch Kommissioun huet en Dënschdeg Detailer iwwer de Finanzement vun der Migratiounspolitik fir no 2020 presentéiert. Dee Budget soll am Verglach zu der Period virdru verdräifacht ginn. Dat meescht fléisst an d'Protektioun vun de Grenzen.

Bréissel steet hanner Italien

Bréissel steet iwwerdeems hanner Italien, kee Wuert Kritik doriwwer, datt d'Aquarius ofgewise gouf. Et wier keng Fro vu legal oder net, sot den EU-Kommissar Dimitris Avramopoulos zu Stroossbuerg.

D'Aquarius wier just een Incident, Italien géif awer weiderhi vill Leit am Mëttelmier hëllefen an hätt dat och dës Woch gemaach. D'Kommissioun steet hanner Italien, politesch, operationell a finanziell, sou den EU-Kommissär.

D'Aquarius brauch iwwerdeems e puer Deeg, bis si zu Valenzia a Spuenien ukomm ass. Et ass méiglecherweis net dat lescht Rettungsschëff, dat no engem europäeschen Hafe sicht.