Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ArcelorMittal muss Zertifikater zeréckginn

Emissiounszertifikater

ArcelorMittal muss Zertifikater zeréckginn

ArcelorMittal muss héchstwahrscheinlech CO2-Emissiounszertifikater un de Lëtzebuerg Staat zréck ginn, nodeems d'Produktioun 2011 zu Schëffleng gestoppt gi war. Den Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg huet um Mëttwoch eng prinzipiell Decisioun geholl. De Riichteren no kann de Staat Emissiouns-Zertifikater vun enger Entreprise zréck verlaangen, wann déi hir Aktivitéiten deelweis oder ganz astellt, mee där zoustänneger Autoritéit net Bescheed seet.

auto_stories

3 min

Europäesche Geriichtshaff (Copyright: G. Fessy CJUE)

2011 hat ArcelorMittal d'Produktioun zu Schëffleng provisoresch gestoppt. D'Wierk ass 2014 dunn definitiv zougemaach ginn. D'Emissiouns-Zertifikater, déi de Stolproduzent fir dëse Site zougedeelt krut, huet de Lëtzebuerger Staat doropshin zréck gefrot. Méi genee geet et dobäi ëm Zertifikater, déi d'Emissioun vun 80.000 Tonnen CO2 erlaben.

Entreprisen aus der Schwéierindustrie musse pro Tonn Kuelendioxid, déi si ausstoussen e Zertifikat hunn. Dat gesäit den EU-Emissiounshandelssystem vir: een zentralt Instrument vun der europäescher Klimapolitik ass.

ArcelorMittal hat sech geweigert

Der Lëtzebuerger Gesetzgebung no kann déi zoustänneg Autoritéit d'Zertifikater zréck verlaangen, wann d'Aktivitéit deelweis oder ganz agestallt gouf. ArcelorMittal hat sech awer geweigert deem nozekommen. De Stolkonzern huet argumentéiert, datt dës Fuerderung enger Zwangs-Enteegnung gläich géif kommen. ArcelorMittal hat doropshin ee Recours um Verwaltungsgeriicht gemaach, dat dann d'Verfassungsgeriicht ëm seng Positioun gefrot huet.

D'Cour constitutionnelle huet d'Fro dunn un den Europäesche Geriichtshaff weider gereecht. An zwar sollten déi europäesch Riichter klären, wéi déi europäesch Gesetzgebung an dësem Fall z'interpretéieren ass. Kann de Staat eng Restitutioun vun Zertifikater fuerderen, oder verstéisst dat géint de Prinzip vum Proprietéitsrecht?

Europäesche Geriichtshaff gëtt Lëtzebuerger Staat Recht

E Mëttwoch ass d'Uerteel gefall. Deemno kann de Staat d'CO2-Zertifikater zréck verlaangen, wann d’Zertifikater schonn attribuéiert goufen, d'Entreprise déi awer net méi fir hir Installatioun brauch. Viraussetzung ass awer, datt de betraffene Konzern, dem Staat oder der zoustänneger Autoritéit net Bescheed gesot huet, datt d'Aktivitéit agestallt oder reduzéiert get.

Den Europäesche Geriichtshaff präziséiert a senger Entscheedung, datt dës Restitutioun vun den Zertifikater keng Enteegnung ass. Well d'Entreprise d'Zertifikater jo net benotze géif, wiere se nach keen Deel vun hirem Patrimoine. Se wieren an deem Fall just geléint.

De Fall vun ArcelorMittal geet elo erëm zréck bei déi national Justizinstanzen. Do soll dann op Grond vun deem europäeschen Uerteel doriwwer entscheet gëtt, ob d'Zertifikater vu Schëffleng mussen zréck un de Staat goen.

ArcelorMittal wollt haut nach keng Stellungnahm zum Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff ofginn.


De Bäitrag vum Pit Walté vum 8. Mäerz

ArcelorMittal Zertifikaterplay_arrow


Reaktioun vun der Carole Dieschbourg

Dat Lëtzebuerger Verfassungsgeriicht hätt eng Fro un den Europäesche Geriichtshaff gestallt, präziséiert d'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg. "An dëser Fro goung et haaptsächlech drëms ze klären, ob eis national Gesetzgebung ok ass. An dat ass hei de Fall. Mir kréie Recht." De Staat kéint ongebrauchten Emisisounsrechter vun enger Firma zeréck froen. "An zwar ouni missen eppes ze bezuelen."

Carole Dieschbourgplay_arrow