Radioen

On air

Resonanzen  |  Vittorio Monti (arr. Markos Destefanos) - Czárdás - Duo Marcanto

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Arméi mobiliséiert, Regierungsrot kënnt beieneen

No Tornado am Süde vu Lëtzebuerg

Arméi mobiliséiert, Regierungsrot kënnt beieneen

19 Leit goufen de Freideg beim Passage vum Tornado iwwer Péiteng a Käerjeng blesséiert. Dat ass en neie Bilan, deen de Samschdeg de Moien op enger Pressekonferenz zu Käerjeng vum Aarbechtsminister Dan Kersch an dem Direkter vum CGDIS, dem Paul Schroeder, genannt gouf.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Pierre Reyland:

Lauschterenplay_arrow


Zwou Persoune sinn nach hospitaliséiert, eng dovunner wier an engem kriteschen Zoustand, no engem Häerzinfarkt. 80 bis 100 Haiser wieren aktuell an den zwou Gemengen net bewunnbar, 60 Leit hu misse relogéiert ginn.

De Plan intemperies gouf declenchéiert fir finanziell Hëllef séierst méiglech kënne fräizesetzen. Déi absolutt Prioritéit wier elo fir d'Haiser ze securiséieren, fir datt d'Leit séier nees kéinten zeréckgoen. Och déi beschiedegt Héichspannungsleitunge géifen elo séier securiséiert a gefléckt ginn, sou den Aarbechtsminister Dan Kersch a Vertriedung vun der Inneministesch Taina Bofferding.

Foto: CGDIS-Twitter-Account

D'Police wier verstäerkt am Asaz fir ze verhënneren, datt et zu Déifställ kënnt an och d'Arméi wier mobiliséiert ginn, fir bei den Opraumaarbechten ze hëllefen. De Regierungsrot soll haut iwwregens zesummekomme fir iwwer weider Mesuren ze diskutéieren.

Haut bleiwe vill Geschäfter zu Käerjeng dowéinst zou. An och de Rond Point Biff ass bis op Weideres gespaart.

D'Regierung huet eng Informatiounsversammlung fir déi betraffe Bierger vu Käerjeng a Péiteng ugekënnegt. De Grand-Duc Henri wëllt sech de Mëtteg op der Plaz e Bild vun der Situatioun maachen.

De Premierminister Xavier Bettel an d'Inneministesch Taina Bofferding hätten hir Vakanz ofgebrach a wieren um Wee op Lëtzebuerg.