Fir festgeleeë wéi d'Corona-Schnelltester hei am Land agesat ginn, hätt si gëschter eng Recommandatioun vun der Santés-Direktioun kritt, esou d'Ministerin. Den Asaz dovu soll eng Entlaaschtung vun de Laboe bréngen, hofft d'Paulette Lenert.
D'Schnelltester sollen haaptsächlech bei symptomatesche Patienten agesat ginn. Donieft sollen d'Schnelltester hei am Land awer och generell an de Klinicken an Altersheemer zum Asaz kommen. Bei engem positive Schnelltest soll d'Resultat duerch e PCR-Test iwwerpréift ginn.
D'LSAP-Politikerin huet sech zefridde gewisen, datt d'Schnelltester endlech d'CE-Kennzeechnung kritt hunn, a se elo an Europa am Asaz sinn.